„Och fir eis!“: oppene Bréif un d'CSV an d'LSAP
Verfasst von Manuel am 16. Juli 2009 - 10:38.
D'Initiativ „Och fir eis…!“, déi sech virun allem fir d’Recht op e Bestietnes tëscht gläichgeschlechtleche Koppelen asetzt, erennert Verhandlungspartner vun de Koalitiounsgespréicher un hir Walverspriechen. D’Opmaache vum zivile Bestietnes wier der gesellschaftlecher Entwécklung Rechnung gedroen a giff e grousse Schrëtt zur Bekämpfung vun der Homophobie duerstellen.




Eiswierfel wrote:dass
Wat sin dann wann ech gelifft d Spillregelen vun der Natur?
Gesin mer dat aus der Perspektiiv vun der Evolutionstheorie, as et grad su gudd meiglech, dass et eemol grad souvill hetero wei homosexuell Liewewiesen gouff, di eng elo just manner verbreed sin well se sech halt net fortpflanzen konnten.
An souwisou, alles wat den Mensch mecht get zu enger Spillregel vun der Natur, well de Mensch as naicht anecht wei d Natur.
Du hues also keen Recht deng Ethik biologesch ze begrennen, do mussen schon aner Argumenter kommen.
Verschidden Leit behaapten
Verschidden Leit behaapten et wier net gudd wann homosexuell Koppelen sech bestueden dierfen. Enner anerem well d Kanner an der Schoul gemobbt gin. Et giff net der Norm entspriechen dei jo Mann an Fra as.
Komm mier gin mol ebessen un eis Perspektiiv reckelen.
Ugeholl mier giffen et legaliseiren, an demno wieren och emmer mei homosexuell Kopplen do di et maachen an sech dozou bekennen. Wier et dann net meiglech dass genau dat dozou feiert dass et iergendwann als normal ugesin get, an keen doweinst gemobbt muss gin. Well wat normal as, sprech wat sech geheiert, leeden di meescht Leit just aus deem oof wat se gewinnt sin.
och nach esou vill Bla Bla a
och nach esou vill Bla Bla a warm Loft vun denger Sait kënnen naischt drun ännerën dass du just drun interesseiert bass fir hei ze chatten a séier e puer blöd Sprëch ofzeliwweren Sad
Wanns de bessi giffs nodenken kennen, giffs de mierken dass meng Aussoen oft mat Zynismus gespeckt sin.
Soubaal een dëch dorops hiweis gëst du aggressiv oder spills déi beleidescht Liewerwurscht Bad Grin
Dass du eng ganz Retsch Pöbelpostings vun der léis, daat schengs de iergendwei net ze mierken...kannerescht Verhaalen.
et wär dir dann vlaicht opgefall dass mer hei nët an engem Privat-Chat sin, mä op engem Diskussionsforum Wink an den iech bezit sech op all déi aaner Leit denen sdu och nët äntwerte kanns(?), wëlls(?)...
Falsch, Kommentarfunktioun ass do fir kuerz Kommentarer oofzegin. Fir mei ausweitend Diskussionen dofir gett et den Forum.
Weivill Arroganz hells du dir eigentlech eraus, fir am Numm vun aneren Léit ze schwätzen? Du bass net net den Nuebel vun dessen Medium - och wanns de mengs dass de daat hei duerch Projektiounen kompenséiren ze versichs.
Eiswierfelchen, och nach
Eiswierfelchen,
och nach esou vill Bla Bla a warm Loft vun denger Sait kënnen naischt drun ännerën dass du just drun interesseiert bass fir hei ze chatten a séier e puer blöd Sprëch ofzeliwweren
Soubaal een dëch dorops hiweis gëst du aggressiv oder spills déi beleidescht Liewerwurscht
Geingste dir Zait huelen fir ze liesen wat een der schreift, da geifen dir esou Peinlechkeeten wéi déi hei och nët passéierën
'dir oder besser gesoot Ierch - vu dass de am Pluriel schréiws waat eng schrecklech arrogant Umoosung ass -'
et wär dir dann vlaicht opgefall dass mer hei nët an engem Privat-Chat sin, mä op engem Diskussionsforum
an den iech bezit sech op all déi aaner Leit denen sdu och nët äntwerte kanns(?), wëlls(?)...
Wat mech ugeet bass du just eng Zaitverschwendung hei an ech wärt an Zukunft nët méi op Kommentarer vun dir agoën
Schloof weider oder chat anzwouch aanescht!
@Dear Guest: Nierwent all
@Dear Guest:
Nierwent all dengen Beleidegungen, dei bei dengem leschten Post nach mei offensichtlech gin an ech denger Onzourechnungsfähegkeet zouschréiwen, braucht de dech kengeswegs ze zwengen meng Kommentarer ze liesen, genau sou weineg wei ech mech zwengen dir oder besser gesoot Ierch - vu dass de am Pluriel schréiws waat eng schrecklech arrogant Umoosung ass - mussen ze aentwerten. Toleréiren brauchs de een Standpunkt net, akkzeptéiren schons. Falls och net, dann lossen ech dech wessen - an hoffen dass de weinstens daat ageseis - dass du an deng Meenung mer sc...piepegal ass sou wei een Blaat daat am Hierschtstuerm op dem Noper sein Balkon fällt.
@ Eiswierfel Merci fir deng
@ Eiswierfel
Merci fir deng Prezisiounen!
Keng Äntwert ze gin ass jo och eng Äantwert!
Wannste schon deng homophob Phantastereiën zum Beschte gës, respektiv du mengs du mist domatter 'provozéierën', dann muss du och domatter rechnen, dass du zu Rieds gestallt gës...
Deng Onfähechkeet, fir op konkret Froën vun de Leit hei am Forum ze äntwerten, beweist eis, an ët sollt dir och beweisen, dass du am Beschten, op gudd Lëtzebuergesch gesot, de Back zouhaale solls wanns du naischt Gescheites ze erzielen wees.
Soss fëlls du nët eist Summerlach, mä du bass eist Summer (A...)Lach!
Häss du nëmmen eischter dorun geduecht, dass du eng 60-Stoonenwoch hues, dann wären eis deng Kommentare erspuert bliwwen...
@guest: et deed mer leed
@guest:
et deed mer leed dass ech dein Summerlach net opfellen kann, mee et gin och Léit dei nierwent enger 60-Stonnenwoch Prioritéiten ze setzen hun, an dozou gehéiert secherlech net op all icognito Reply ze reagéiren... Dein Beitrag haat ech den eischten Daag gelies, an gin der ze verstoen dass ech keng perséinlech Uregung gesin op een 'Reizthema' weider Stellung ze huelen. Bien à toi an wanns de wells maach eng Kaerz un an stell se an Fenster vlait kennt den nächsten Reebou och geschwen an dengem Liewen .....
R.I.P Eiswierfel hien ass
R.I.P Eiswierfel
hien ass onerwaart an der Summerhëtzt geschmolz, an elo wärte mer keng Äntwerte méi op eis Froë kréien...
Quote:Firwaat kennt dann
Re-bonjour du klengen Homophob,
daat do musst de awer lo mol am Detail erklaeren. Wei an firwaat sollen d'Menschen elo och Aafen bestueden?
Eiswierfel: Homosexualitéit
Eiswierfel:
Homosexualitéit as net gläich Pädophilie. An Homosexualitéit as o net gläich Zoophilie. Wann Männer/Fraen sech och ennertenaner bestueden duerfen erlaabe mer domat weder en Bestiidnis Mann/Aaf oder Mann/Kand. Et as e massiven Ennerscheed wann 2 erwuesse Leit, onoofhängeg vum Geschlecht, sech derzou décidéiren, zesummenzeliewen an sech ze bestueden, oder ob daat onmündeg Wiesen sen, déi zu enger solchen Décisioun net fäheg sen. Du muss awer engem erwuessenen Homosexuellen o zougestoe kennen, dat hien séng Décisiounen selwer huele kann - sou wéis du et jo och gemaach hues/maache wärts wannste dech bestiids. Befirmundung vun mündegen Bierger as Schäiss, do gett et guer net méi ze soen.