En Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen?

Gëschter gouf a Frankräich enger lesbescher Fra d'Adoptiounsrecht accordéiert. D'Emmanuelle B. huet ganzer 10 Joer laang virun verschiddenen Geriichter, dorënner och den europäeschen Geriichtshaff, hiert Recht ageklot. Nodeems den europäeschen Geriichtshaff der Fra d'lescht Joer am Januar Recht ginn hat, krut si och elo endlech an Frankräich d'Recht e Kand ze adoptéieren. Dat ass en groussen Schratt no vir, fir eng Gläichberechtegung vun gläichgeschlechtlechen Koppelen an och zu Lëtzebuerg gouf d'Diskussioun elo erneiert...

D'LSAP gesäit doranner eng Chance en Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen och zu Lëtzebuerg anzefuerderen. Well bis elo gesäit et esou aus, ewéi wa just eenzel Persounen en Adoptivrecht hätten, déi dann och d'Kanner vum Partner adoptéiere kinnten.

Och d'JDL fënnt dat eng Ongerechtegkeet, déi besäitegt muss ginn:

Tageblatt wrote:
Cette dernière attitude est par la suite interprétée comme « un esprit chrétien-social qui n'ait toujours pas évolué » et qui n'accorde que des avancés en raison de pressions externes sans opérer une réelle avancée mentale.

Domadder steet si och am Accord zu hirer Mammenpartei:
Quote:
Die DP wird zudem bestehende legale Diskriminierungen aufgrund des Geschlechts oder des Alters beenden.

Mä wéi stinn déi aner Parteien zu dem Thema?

Déi Gréng wieren wuel och zesummen mat der JDL an der LSAP fir eng weider Gläichberechtegung vun hetero- an homosexuellen Koppelen. An hirem Walprogramm vun 2009 ass folgendes ze liesen:

Quote:
déi gréng werden:
- die Gleichbehandlung homosexueller Partnerschaften und die Homo-Ehe einführen;
- dafür sorgen, dass heterosexuelle, lesbische und schwule Paare, sowie allein lebende Antragsteller bei einem
Adoptionsantrag gleichberechtigt behandelt werden.

Och déi Lénk sinn fir en Adoptiounsrecht fir gläichgeschlechtlech Koppelen. Hei en Extrait aus hirem Walprogramm:

Quote:
13. Desweiteren treten wir auch ein für das Adoptionsrecht für gleichgeschlechtliche Paare.

Den ADR ass allerdéngs dogéint, wéi aus hirem Walprogramm erfiergeet:

Quote:
Die ADR respektiert diese gesellschaftlichen Entwicklungen, spricht sich zum jetzigen Zeitpunkt aber gegen die Möglichkeit der Adoption von Kindern durch homosexuelle Paare aus.

D'Positioun vun der CSV dierft kloer sinn, och wann si an hirem Walprogramm ganz bewosst vague bleift:

Quote:
In ihren Gesetzvorlagen und politischen Handlungsinitiativen will die CSV sich in dieser Frage durch Werte und nicht durch Modelle leiten lassen.

Fir d'CSV gëtt et kee "Recht op e Kand". Si ignoréiert dobäi awer vollkommen, dass et hei eigentlech ëm e "Recht op Adoptioun" (net ëm e Recht ob e Kand!)geet an esou an hirem Walprogramm der Problematik eigentlech geschéckt aus dem Wee geet. Si seet awer och folgendes:
Quote:
Genauso unhaltbar ist die Aussage, dass Homosexuelle von vornherein nicht fähig wären, das Recht des Kindes auf Erziehung zu gewährleisten.

Wann deem esou ass, dierft jo kee Problem bestoen en Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen anzeféieren. Trotzdem schéngt sech d'CSV awer dogéint ze wieren. Et kinnt een bal mengen, ewéi wann d'CSV zwar gären homosexuell Wielerstëmmen akzeptéiert, mä dofir awer net onbedéngt fir deenen hier Rechter well antrieden. D'JDL huet schonn Recht, wann se dat als "hypokritesch" dénoncéiert.

Wann mer allerdéngs den Walprogrammer wëllen gleewen, dann misst jo am Parlament mat LSAP, DP, déi Gréng an déi Lénk eng Majoritéit fir en Adoptivrecht vun gläichgeschlechtlechen Koppelen bestoen. Well mer also Hoffen, dass déi nei entstanen Diskussioun endlech Friichten dréit.

Update:
Hei nach eng aktuell Stellungnahm vun der Initiative ...och fir eis!.

Et get mi liicht fir

Et get mi liicht fir d'Adoptioun, mam neien EU-Vertrag. Sou verléieren d'Kierchen verschidde Prerogativen.

Derzeit ist es katholischen Adoptionsagenturen etwa gestattet, Kinder nicht an homosexuelle Paare zu vermitteln. Damit soll laut EU-Kommission nun Schluss sein.

Weider ënner: http://www.kath.net/detail.php?id=24677

Sandra, wat wëlls du dann

Sandra,
wat wëlls du dann gären héierën fir dass du dech gudd vills?

Muss ech dir elo eng Analyse fannen, wou opgelescht ass, wat engem adoptéiertën Kand all eenzelen Dach an der Gesellschaft passéiert?
Bass du dann zefridden?

Du verlangs vu mir dass ech dir d'Zukunft vun all eenzelen adoptéiertën Kand soll am Détail viraussoën, iers du kanns fir dech selwer entscheeden, op d'Adoptioun vun Homo-Koppelën ok ass??

Dann muss ech dech leider enttäuschen, ech hu keng Kristallbull wou ech d'Schicksal vun denen Kanner ka liesen, an du hues och keng!

Weder geseiss du all deng negativ Punkten am viraus, wéi ech meng positiv och nët.

Fir mech ass ët awer keng Fatalitéit, dass d'Leit (= d'Famill, Schoulkomoroden, denen hier Elteren, d'Leierpersonal, d'Noperën) mat denen d'Kanner am meeschten ze dinn hun, just nëmmen drop waarden fir se kënnen erofzemaan.

Wat d'Dommheet vun de Leit am grousse ganzen ugeet, do wees du jo genausou gudd ewéi ech, dass där keng Grenzen gesaat sin!

A wann een wëll gehässech mat engem Aanerën sin, da fënnt ën ëmmer eng Meichlechkeet!

Kanns du dat ausschleissen? Ech nët! An trotzdem gët adoptéiert...

Quote:
"wéi kommen déi Kanner an eiser Gesellschaft un? Gëtt de Géck mat hinnen gemach oder net?"

Wéi ass dann deng Äntwert op déi 2 Froën, an firwat?

@grrr: D'Sandra an ech sin

@grrr:
D'Sandra an ech sin ganz Ohr zu dengen Aentwerten.

@ Eiswierfel no comment du

@ Eiswierfel

no comment

du schéins esou beschränkt ze sin wéi déi Weltbild Sad

@grrr, "Firwat stells du

@grrr,

"Firwat stells du der déi nemmlecht Fro nët am Zesummenhang mat enger Hetero Koppel déi ee schwaarzt Kand adoptéiert?"

Déi ganzen Zeit hun hei vill Leit einfach laanscht d'Thema geschwaat. Ët gouf vun Kannerheemer geschwaat déi virun 30 - 40 Joër existéiert hun, ët gouf géint d'Kirch geklappt, ët gouf géint Hetero-Koppelen geklappt, déi hir Kanner jo esou schlecht behandelen asw. asf., mee dat eigentlecht Thema gouf vun deenen meeschten net behandelt.

Du mëchs genau dat selwecht, du schwätz och permanent laanscht d'Thema. Ët geet hei net ëm Hetero-Koppelen déi ë schwarzt Kand adoptéieren. Ët geet ëm gleichgeschlechtlech Koppelen déi éventuel ë Kand adoptéieren, ob dat Kand nun schwarz ass, Schlitzaën huet, oder ob ët ën europäescht Kand ass.

So dach einfach: "ech hun kéng Äntwert op deng Froën, fannen och kéng Analyse", dann bass du éierlech. Dat ronderem den Brei Geschwätz huet jo awer wiërklech keen Sënn.

Wann ech eppes verteidegen, dann muss ech och konkret Äntwerten hun, déi hues du awer net.

@grrr: Wells du behaapten

@grrr:
Wells du behaapten dass een een Kand waat gleichgeschlechtlech Elteren huet, dem sein Mobbing legitimiséiren kann duerch den Mobbing vun adoptéirten 'Schlitzaan' an 'Schwarzer'?.

Du vergleichs Aeppel mat Bieren. Oder wanns de dein Vergleich eescht mengs, ennerstellen ech der dass de et souguer gudd fenns dass Kanner gemobbt gin, well eeschthaft Gedanken fir Integratioun vun esou Kanner meschs de der net. Et weist engem nämlech nemmen dass esou eng Integratioun, vun fireraus zum Echec veruerdeelt ass.

Sandra, et deet mer leed,

Sandra, et deet mer leed, mä ech fannen deng Fro

"wéi kommen déi Kanner an eiser Gesellschaft un? Gëtt de Géck mat hinnen gemach oder net?"

einfach onmeiglech, wells du se nëmmen eenseiteg gebrauchs.

Firwat stells du der déi nemmlecht Fro nët am Zesummenhang mat enger Hetero Koppel déi ee schwaarzt Kand adoptéiert?

grrr, elo interpretéiers

grrr,

elo interpretéiers du falsch: "An denger Welt gët tatsächlech nëmmen de Geck mat Adoptiv Kanner vun Homo a Lesben Koppelën gemaach respektiv mat Kanner déi an so enger Famill opwuessen!? A soss keen!?!?! All déi Aaner gin awer och NIE gehänselt??"

An menger Welt besteet d'Fro: "wéi kommen déi Kanner an eiser Gesellschaft un? Gëtt de Géck mat hinnen gemach oder net?"

Mir schwätzen jo hei iwer Homo a Lesben Koppelen déi d'Adoptiouns-Recht wëllen, dofir schwätzen ech net vun Kanner mat rouden Hoër, mat Schlitzaën oder wat nach ëmmer. Fir mëch gehéiert dat net heihin. Dat ass alles. Wat huet dat mat Iwerhiëwlech ze dinn?

Ech fannen dein Langage och net grad fein. Wann een schreiwt: "ech freeë mech, dass de Frang och bei dir gefall ass", sou stellt een deen aneren als Topert dohinner, deen neischt verstanen huet, deem war awer net esou. Wanns du meng Commentairen liës, geseis du dass ech ëmmer nëmmen vun Adoptiouns-RECHT geschwat hun.

salut Sandra, du bass jo

salut Sandra,

du bass jo awer och guer nët iwwerhieflech!
Wat dir nët an de Kromm passt ignoréierst du einfach!

Ech haalen nët vill vun Studien, well meeschtens gin se (oder kanns du se) esou interpreteiert(ën) wéi se sengem Lieser grad passen (siew ët positiv oder negativ).

An denger Welt gët tatsächlech nëmmen de Geck mat Adoptiv Kanner vun Homo a Lesben Koppelën gemaach Confused respektiv mat Kanner déi an so enger Famill opwuessen!? A soss keen!?!?! All déi Aaner gin awer och NIE gehänselt??

Salut grrr, bei mir war den

Salut grrr,

bei mir war den Frang schon laang gefall [...].

Du schéins och net alles ze liësen [...].

De Patrick huet Berichter aus den USA hei eran gesaat, just dass déi Leit wéi's du, déi jo esou dëck Verteideger vum Adoptiouns-Recht fir Gay- an Lesbesch Koppelen sin, bis elo net een eenzegen Link hei konnten eransetzen.

Wat déi Dame aus Frankreich betrëfft, sou hun ech op ë Commentaire geäntwert.

Sich emol no enger Etude aus den USA oder engem aneren Land, wou déitailléiert erklärt gëtt, wéi d'Gesellschaft op d'Kanner vun Gay-an Lesben-Koppelen reagéieren. Dat wär méi hell, wéi mir hei mat Kanner mat Schlitzaën ze kommen.