World Climate Action Day: Grouss Demo haut zu Kopenhagen!
(LU) Grouss Demo haut zu Kopenhagen um Weltklimadag! Eng vun den faarwesten Demonstratiounen an flottsten Manifestatiounen di ech je matgemach hun. Den ronn 10km Marsch vum Stadtzentrum bis zum Bella Center hun 30'000-50'000 DemonstInnen friddlech demonstréiert, gedanzt, Stroosentheater gemach. Leider hun puer Demonstranten dësst Image duerch kannerecht Casseursverhaalen gestéiert, an hun et sou faerdegbruecht (alt ërem) en schlecht Bild op di gesammt Klimabewegung ze werfen.
Demo huet duerch d' Innenstaat gefouert, lanscht der Rainbow-Warrior vun der Greenpeace déi zu Kopenhagen ugedockt hat. No ronn 4 Stonnen Marsch ass den Demonstratiounszuch ukomm matt Oofschloss virum Bella Center. Highlight vun Dag war absolut déi iwwerweltegend an positiv Stëmmung ennert den DemonstrantInnen, nach nie gouff et sou eng breed Bewegung déi hier Stëmm gehuewen huet géint den Klimawandel an d Welt zum Handelen opgeruff huet, an dat huet een gemierkt: Aus aller Welt sin Leit op Kopenhagen komm fir een Message kloer ze stellen: Kopenhagen daerf net zu engem FLOPenhagen gin! Mir brauchen en bindenden staarken Text, een solidareschen Text!
RTL Interview matt déi jonk gréng liveschaltung, décken merci un d Sarah Cattani:
http://news.rtl.lu/news/international/51607.html
| Anhang | Größe |
|---|---|
| Virun der Rainbow Warrior | 2.93 MB |
| Gréng DemonstrantInnen aus ganz Europa | 2.93 MB |
| Demonstratiounszuch | 2.85 MB |






@ Claude waren gëschter an
@ Claude waren gëschter an haut den ganzen Dag op der Stroos, an Bildschirm nëmmen an kléngen Pausen nierwenbai, hai ass work non stop...
@ Claude, wann si (déi
@ Claude,
wann si (déi lénk) och gären wëllen hier Erfahrungen vun Kopenhagen hei matdeelen, dann si si gären invitéiert dat hei ze man
Einfach per Mail bei sokrates.lu mellen oder ganz einfach hei Kommentéieren.
iweregns sin och aktivisten
iweregns sin och aktivisten fun der jonk lénk zu kopenhagen; allerdengs eischter ob der stross wei firum bildschirm; mais awer eng gudd ide fun den jonken gréngen;-)