Grouss Manif zu Kopenhagen: Méi wéi 100 000 Leit op der Strooss!
Haut, e Samschden den 12 Dezember 2009, waren méi wéi 100 000 Leit zu Kopenhagen op der Strooss fir d'Regierungsvertrieder virun hier Responsabilitéiten ze stellen. Während sech bei denen offiziellen Verhandlungen Konfliktlinen zweschen räichen an aarmen Länner ofzeechnen, an d'Hesitatiounen vun verschiddenen Länner als Virwand benotzt ginn fir en Accord ze Verwässeren, sou as bei der Zivilgesellschaft am Géigendeel en reellt Bewosstsinn, dass den Klimawandel e Problem as deen d'gesammt Menschheet betrefft, an dofir eng global Léisung verlaangt. Am Cortège vun der Manif hunn Leit vun verschiddenen Alterskategorien, Nationalitéiten an politeschen Parteien sech hannert enger gemeinsamer Fuerderung rassembléiert. Elo as et un deenen offiziellen Vertrieder dat nämlecht ze maachen!
| Anhang | Größe |
|---|---|
| There is no Planet B! | 3.51 MB |






Neueste Kommentare
vor 14 Stunden 31 Minuten
vor 18 Stunden 27 Minuten
vor 1 Tag 8 Stunden
vor 1 Tag 8 Stunden
vor 1 Tag 8 Stunden