Recovery - Recon - Reflection
Gudden Moien allerseits. 
Nodeems mäe lo Mol méi oder wéineger gutt ausgeschlof sinn attackéieren mäe eisen zweeten Dag zu Kopenhagen. Mäe waren lo just virum Bella Center wou d'ganz Kongresser, Verhandlungen, etc. normalerweis ofgehalen ginn, me leider gouf eis dunn virun der Entrée matgedeelt, dass een fir den ganzen Dag net eran dierft - ausser mat Presseschein - well en eben zou wier. Fro lo keen den Grond, well deen wëssen mäe selwer nach net, ob jiddwerfalls huet et gëschter nach geheescht dass ob wier. Zeréck geschreckt huet eis dat allerdenges net. 
Nodeems mäe dem Schocky séin Agenda dunn recovered hunn sinn mäe an den Klimaforum gaangen, vun deem ech och lo aus (live - den live trëfft allerdenges net méi sou richteg hin, well een gréisseren techneschen Problem virloung an mäe réischt am Hotel rëm Zougang zum Internet haten) bloggen.
Den Klimaforum ass eng een flotten informativen Zentrum deen all Mensch mat opennen Ärm obhëllt. Egal ob een lo extra dës Woch ob Kopenhagen gereest ass wéinst dem Klimakongress oder een einfach nëmmen als Tourist hei ass, den Klimaforum ass ob jiddefalls dat richtegt. Vill flott, faarweg, kreativ an innovativ Ideeën sinn hei an realistesch/materiell Objekter ëmgeseet ginn, wéi beispillsweis den Recycling vum Dreck deen hei gemaacht gëtt. Iwwert all Dreckseemer hänkt jeeweils een Beispill vun deem wat dran gehéiert. Sämtlech Maueren goufen mat Fotoen aus aller Welt tapezéiert an weisen déi verschiddenst Regiounen an Mënschen ob der Welt. Den gréissten Deel vun den Fotoen drécken een kloeren Message aus. D'Ideeën ob deenen d'Fotoen baséieren kommen souwuel vun eenzel Persounen als och Organisatiounen wéi beispillsweis 350 déi immens kreativ Ideeën mat engem kloeren Ziel hunn.
Nieft deenen vill interessanten Leit sinn dann och nach Stänn déi déi verschiddensten Themen wat den Klima ugeet behandelen. Nieft Anti-Atomkraft, bei dem mäe T-Shirts, Pins, Posters an Stickers koaft hunn, gouf et dunn nach den Stand vum "2020 Climate Solutions Meshwork" Projet.
D'Idee hannert dem Projet ass een Social Network opzebauen dat spezifesch ob Ëmweltaktivisten zougeschnidden ass. Dat heescht déi ganz Plattform dréint sech soumat och nëmmen ëm Klimathemen. Et ass interaktiv, dynamesch an einfach ugeluecht wat et och jiiderengem erméiglecht den Framework ze benotzen. Eent vun den Haaptzieler ass et nei oder beréits bestoend Ideeën ze zentraliséieren an dann och gegebenfalls emzesteten. Global gesinn funktionéiert et folgendermoossen: Et leet een säin Profil fest mat verschidden Eegenschaften, an mellt sech bei Projeten oder Gruppen un an hëlleft - et kann een natierlech och seng eegen Grupp bzw. Projet grënnen. Aner Leit ginn automatesch ob hirem Profil drop opmierksam gemeet wann et nach een User sollt ginn, deen ähnlech Ideeën huet wéi een selwer. Soumat kann een sech mat deenen Leit austauschen an villäicht dann och een neien Projet ob d'Been stellen. Vu, dass Mënschen aus der ganzer Welt drop vertrueden sinn, wäert een sëcherlech mat Leit vun aneren Länner/Kontinenter zesummeschaffen, wat net bedeit dass d'Resultat net erfollegräichen ginn kann, mä ganz am Géigendeel. Duerch eng Plattform wéi dës erméiglecht een sech immens vill nei Méiglechkeeten. Wëssen, Ideeën kënnen ausgetosch ginn, mat Sécherheet léiert een nei Leit kennen mat deenen een nei Frëndschaften schléissen wäert, etc. Ausserdeem gëtt dësen Projet den Mënschen Hoffnung ob eng Zukunft mat konkreten Zieler déi och ëmgeseet kennen ginn. Well bis elo huet et éichter sou ausgesinn, dass een vill emwëltspezifesch Websäiten mat Informatiounen an villäicht Mol puer Aktiounen hat, mä verspreet duerch den ganzen World Wide Web. Mat dësem Meshwork ginn all déi Ideeën an Aktiounen zentraliséiert an jidderee huet eng Uloafstell am Netz déi parallel als Schnëttstell zu realer Welt déngt dat am digitaalt designten ze realiséieren.
Menger Meenung no, eng super Idee an eng Initiativ bei der och ech sécherlech mat vun der Partie wäert sinn. Eng Grupp vun déi jonk Gréng gëtt et och schonns. Wann där eppes un dësem Planéit - ouni deen keen vun eis all hei wier - leit dann mell dech un an hëllef mat d'Zukunft fir jiddereen vun eis an den Generatiounen déi no eis kommen ze verbesseren.
Mat beschten Gréiss,
Jan







2020 Climate Solutions
2020 Climate Solutions Meshwork http://2020.global.gaiaspace.org/global/
Raison des portes
Raison des portes fermées:
UN Climate Talks Restart After Walkout Over Kyoto
Get et ee link dofir?
Get et ee link dofir?