Superturmes vs. Terminator

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Arnold_Cool_1.JPG Arnold_Cool_2.JPG

Mat eisem Superturmes ass awer all Dag een Adventure. Smile Den Moien haten mäe 3, den Turm an den Camille Gira een spontan gester festgeluechten Meeting mat enger Journalisten vun Doheem. Wéi mäe duerch Dréindier am First Hotel Sankt Petri rakomm sinn, wa méin éichten Gedanken: "Wow. Grouss." an deen zweeten "Wisou stinn hei sou vill Bodyguards mat U.S. Amerikaneschen Pinsen am Paltong."

Et hat nemmen e puer Sekonnen gedauert dunn hat ech d'äntwert dunn och schonns ob meng Froen: Den Arnold Schwarzenegger - ehemolegen Terminator an Papp deen Mol gären Spillsaachen fir Chrëschtdag vergësst ze koafen an neierdéngs Gouverneur vun Kalifornien - souzt gemitterlech am Pyjama an der Hotel eegener Bar säin Kaffie ze drénken an mat sengen Dëschpartner ze diskutéieren.

Vu, dass sech sou eng Chance net all Dag ergëtt, sinn ech dunn Mol ganz opmierksam bei den Bodygurad vun him getrëppelt - een vun deenen 4-5 - an hunn en ganz frëndlech gefrot ob et méiglech wier eng Foto mam Arnie ze maachen. Leider wa dat awer net méiglech, well et een privaten Meeting wa.

Dono ass en dunn séier mat senger Eskort aus dem Cafée verschwonnen. An zwëschenzäit hunn sech ëmmer méi Journalisten virun der Aganksdier afonnt an dunn duecht ech mäe, dass et dann och Mol Zäit fir mech géif ginn. No puer Fotoen, bëssen Smalltalk an 20 Minutten an der Afenhëtzt waarden sinn dunn ob ee Mol Bodyguards rauskoum hunn den Motor vun 2 Autoen gestartet an that's it. Déi ganz méi oder wéineger bëssen héich ofgezunn Aktioun war fir d'Motoren vun engem decken Peugot an engem Chevrolet Escalade unzemaache. 10 Minutten dono ass den Terminator dunn endlech komm an eisen Claude Turmes huet sech direkt ob eng Agonie mam Arnie agelooss andeems en gutt haart an d'Mass gejaut huet: "Is this a hydrogen car?" D'Äntwert war wei erwaart een ewechkucken. Genau geholl wa dëst och déi eenzeg wichtegst Fro déi iwwerhaapt gestallt gouf. D'Art a Weis, wéi den Arnie d'Wierder zu Kopenhagen fënnt dréit nämlech net grad dozou bäi eppes ob der Klima Konferenz ze areechen.

Den Arnie ass ee bekannten

Den Arnie ass ee bekannten Nazi-Sympathisant (en huet sëlwer gesot dass en den Kurt Waldheim, een Ëistréichechen Nazi-Kollaboratör 'gudd' fënnt... Confused) A wëll Kalifornien esou faillite ass hun s'elo ugefaangen Marihuana Plantagen an och Hasch-Kliniken opzemaan (t'ass décken Busine$$!!). Den 'Gubernator', wéi en an den USA genannt gëtt, hofft sain Staat mat "deals between 'friends'" finanziell ka gerett gin. Deen haat méi Hummeren wi Familljen Rieder un hieren zwee Autoën hun. Neutral Den Arnie geet eben mat der 'Moud' - wou een kann am meeschten Frick maan.

En hätt nach missten

En hätt nach missten äntweren: I'll be back Cool

Grins grins ^_^ wi en am

Grins grins ^_^ wi en am pyjama nierwend ons soutz war nach mi witzeg Very Happy