COP15: FLOPenhagen ?

Zum Live-Blog: Kopenhagen
Foto am geholl am Nuetszuch fir op Kopenhagen, Sonnenopgang am däneschen Watt, an en Beispill dass et kéint su einfach sin...

Zeréck vun Copenhagen oder soll ech soen FLOPenhagen,,,Obwuel ech menger Lierwen en enorm optimistegen Mënsch sin maachen ech mach Gedanken iwwer follgend Devloppementer:

- Den Cleavage teschend den Armen an den räischen Länner gëtt ëmmer mi grouss op COP15. Während di ärmsten Länner méi Hëllef vun den Groussmuechten verlaangen an méih Ënnerstëtzung besonneg a Form vun Geld, schéngen di räisch Industrienatiounen dat wéineg ze beandrocken. Vun Merkels, iwwer Sarkozys an Browns, keen schéngt wieklech den Eescht vun der Situatioun ze erkennen oder wëllen ze erkennen. Obwuel sëch China wëll momentan als di grouss Verfechter vun den armen Schwellenlänner duerstellen sollt een nët zefill op dëss Positioun gin. Dat Heuchlerecht "ant-d-vitirne" stellen vun der chinesescher Delegatioun soll just vun den réellen Problemer oofléisen, an och den Fait verstoppen dass China bis elo weineg bis guer keen Input zu Copenhagen bruecht huet.

- Faktor Amerika: Oft gouff behaapt un Amerika giff et nët laien dëss Kéier, (nodeems de Bush Senior 1992 zu Rio a last-minute den Text verforw an entschärft huet, an den Amerikaneschen Senat den Kyoto Text verworfen huet). Op deem wierklech sou ass wees ech net... d' Elizabeth May, Porte-Parole vun den Canadian Greens sot "Obama might not be Bush, but America is still America". Deen Satz ass méih wi je wouer, obwuel d US Administratioun mam Emwelt- an Energieminister Steven Chu een vun den weltweilt acclaméiersten Klimafuerscher(Nobelpreisträger) an och nach emmer d Galliounsfiguer Obama an hieren Reihen huet, schéngt d' U.S Delegatioun awer ëmmer méi Waaser wëllen an den Wain ze schëdden. Obwuel gudd Usätz aus den U.S.A kommen an sëcherlech d USA och nach emmer technologesch wait matt vir sin am Kampf géint den Klimawandel, mierkt een dass d' U.S.A ëmmer méih op China an di aaner grouss Länner wie z.B Russland(di nach guer naischt bruecht hun zu COP15) kucken. D'USA mecht hier Klimapolitik och ëmmer méih vun China oofhängeg, ze grouss ass d Angscht virum Groussen Draach wuel. Dësst gëtt dann och ëmsouméi kloer wann een dësser Deeg dem Al Gore nolauschtert deen ëmmer méih oft widderhëllt(an sech dobai op US-Regierungskreeser berufft) dass et zu COP15 nët wert zu engem "legally binding contract" also engem aklobaren rechtleg-gëlltenden Vertrag giff kommen.

- EU: An der E.U gin et och Léit di bremsen. Puer vun deenen sin ons och gudd bekannt: Lëtzebuerg. Soumadder beaflosst Lëtzebuerg di schon nët ambitiéis EU-Zieler, déi Soumadder nach wéider verwässert kéinten gin. Obwuel Klimawandel jo Chefsaach ass, an mir onsen Oberkommanchen JCJ op Kopenhagen schécken, spillt sëch hannert den Kulissen awa eppes aaneres oof: Lëtzebuerg Polen an och Zypern probéieren Reduktiounszieler vun 30% bis 2020 wéier no ënnen ze reviséieren an och den Zertifikatshandel beizebehaalen... Also nach manner en Grond stolz ze sin...

> Allen an Allem fehlen am Moment nach vill Puzzlestécker fir kënnen ze soen wat di nächst 24-36 Stonnen zu Kopenhagen rauskënnt. Obwuel et och duerchaus positiv Signaler beim COP15 gin (ob déi ech waert an engem vun den nächsten Blogposts agoen, soll een wéiderhin den Drock enorm héich haalen an grad elo wéiderhin ëmmer ërem onsen Dommen klipp-a-kloer bäibréngen: CLIMATE IS NOT NEGOTIABLE! ACT NOW !

Link:
Interessanten Wort.lu Artikel:
Trotz Spillecher hannert den Kulissen, an den meeschten Delegatiounen di pessimisteg sin, bleiwen d' Gespann Juncker an Schanck relaxed! Puer Grad méih um Stau waeren jo flott! an do giff sech den Tourismusminister bestëmmt frehen!
http://www.wort.lu/wort/web/europa_und_welt/artikel/63238/es-gibt-noch-hoffnung-fuer-ein-klimaabkommen.php

Patrick? Ah sou? What's new?

Patrick? Ah sou? What's new?

XYZ wrote:An, à propos,

XYZ wrote:
An, à propos, déi vun Sokrates wëssen ween ech sin.

Ahsou?
XYZ wrote:
D'Leit vum Sokrates wëssen ganz gudd wou ech stin mat déer ganzer Polemik, em waat ët mier wierklech geet.

Ahsou?!

Hey guest, ziel mer mol

Hey guest, ziel mer mol waats De esou iwert den Obama wees? Vlaicht hun ech jo esou daat eent oder aanert nët matkritt? Du schings jo vill méi ewéi ech doriwer ze wëssen... Wink

Ech kommen dorobber

Ech kommen dorobber zréck... The facts are there, make no mistake. Een deen Tomaten op den Aën huët gesait net esou gudd...hm?

Gust, firwaat sichs De nët emol sëlwer um site vun The Guardian (Climategate & George Monbiot). D'Leit vum Sokrates wëssen ganz gudd wou ech stin mat déer ganzer Polemik, em waat ët mier wierklech geet.

Ech sin nët 'anti'. Au contraire...mee mat vill méi Nuancen...

An, ët huet naischt mat deenen Undaitungen ze din di hei duerch de Site fléien. Very Happy

See you later, guys! Cool

D'Donneen um CRU-Hack (oder

D'Donneen um CRU-Hack (oder daat waat gär Climategate genannt get) fennt een z.B. bei Rapidshare ennert dem Numm FOI2009.zip. Da kann ee sech e Statistikprogramm eroflueden z.B. R
http://www.r-project.org/
an da kann een daat gären alles norechenen waat d'Jongen do gemaach hun. "Datenmanipulatioun" oder Transformatioun vun Variabelen z.B. Logarithmustransformatioun ass noutwenneg wann een bei Donneen well dass d'Varianz an der Datenwollek konstant bleift. E Statistiker bezeechend daat als Trick fir dass d'statistesch Methoden besser funktionnéieren. Virwaat daat kann een hei liesen:
http://en.wikipedia.org/wiki/Homoscedasticity

Donneen gin et ennert aanerem och hei:
http://www.ipcc-data.org/
oder wann een dem IPCC net traut da kann een um Findel uruffen an hier Wiederdonneen ufroen.

Wann een daat dann nogerechent huet, da kann een gären weider diskutéieren. A bis dohin gellt dem Mark Twain säi Sproch:
It is better to keep your mouth shut and appear stupid than to open it and remove all doubt.

Den Obama e Kommunist? Di Greng Kommunisten? Climategate? ... Do hues de wierklech all Doubt removed Kolleeg XYZ!

XYZ wrote:Gust, Du bass 2

XYZ wrote:
Gust, Du bass 2 Joër hannendran. Du hues wahrscheinlech och den Climategate Skandal nët matkritt (vu dass De Dech op Zaitungsartikelen vun 2007 bezitts).

Déi Source (de Link zum Video) déi e puer Kommentairen weider ënnen vun dir ugefouert gëtt, bezitt sech op "the great global warming swindle" Dokumentatioun vun 2007. Et ass also relativ normal, dass d'Kritik un där Doku aus dem gläich Zäitraum kennt. Ausserdeem schéngt dei berechtegt Kritik, déi deelweis vun Channel 4 (den selwechten Channel 4, deen och vun dir zitéiert gouf) Mataarbechter selwer kennt, absolut vun dir ignoréiert ze ginn.
XYZ wrote:
T'ass Der wahrscheinlech och laanscht d'Nuës gaangen dass den Haaptwëssenschaftler, den Phil Jones, vun séngem Posten vun der ICCP huet missten zrécktrieden wëll di ganz Donnéën manipuléiert woaren.

Wann de mäin Kommentar richteg gelies häss, häss de och warscheinlech gemierkt, dass ech ganz explizit deen Virfall ugeschwat hunn (cf. Eis Climategate Vertrieder hei reegen sech och gären iwwert zwee verdächteg Mails op, wou anscheinend Zuelen verdréint goufen). Also fir d'éischt liesen an dann meckeren.
XYZ wrote:
Een deen naischt vu Weltpolitik kennt huet vlaicht besser emol séng Hausaufgaben ze maachen anstatt deen de probéiert eng aaner 'Vu' ze présntéieren als Blödmann dohinner ze stellen.

Ech hunn et net néideg, ganz am Géigendeel zu dir, ob Beleidegungen zeréck ze gräifen. Wanns de mäin Kommentar lies, wäerts de och keng sou eng fannen. Ech hunn näischt dogéint, wann een d'CO2 Theorie kritiséiert, mä déi selleg verschwörungstheoretesch Querverbindungen, déi hei vun dir dobäi nach gezunn ginn, sinn zimlech aus der Loft gegraff.
XYZ wrote:
Een deen mat esou fadenscheinig Argumenter kënnt, iwerzeegt nët.

Dass den "new green deal" eng Erfindung vum Kommunismus ass fir d'Weltherrschaft un sech ze räissen, fannen ech opmannst genee sou fadenscheineg. Ob alle fall soulaang wéi keng konkret Fakten an seriö Quellen dozou ze fanne sinn.
XYZ wrote:
De Guardian ass bekannt fir séng 'gring' Linn an den Independent mecht nëmmen deen 'coverage' deen ën absolut muss... Wiki kann een nët wierklech eescht huelen, déi gi vu Leit wi Dir geschriwen...sorry man...

Wann ech mer deng Sourcen esou ukucken, dann muss ech leider fest stellen, dass déi zum Deel nach vill méi biased sinn, just eben ob der anerer säit vum politeschen Spektrum. Warscheinlech ginn déi och "vun esou Leit wei dir" geschriwwen. Wikipedia ass keng Source un sech, mä eng Sammlung vu verschiddene Sourcen an zum Schluss vum Wiki-Link ginn och nach eng ganz Partie aner Quellen uginn. Mä warscheinlech sinn déi och net eescht ze huelen an gehéieren zur selwechter Verschwörungs-Machinerie.
XYZ wrote:
Ech hun den Androck dass De nach nët méi wait ewéi deng eegen Hausdier - an dann d'Garagendier, deng Autosdier an erëm nees heem - erëmkomm bass.

Merci fir d'Beleidegung. Do gesäit een jo wéi tolerant dass du hei vis-à-vis vun konträren Meenungen bass. Een deen net denger Meenung ass, gëtt direkt fir onmündeg deklaréiert, tip top.
XYZ wrote:
"Global warming is real! Be scared! Be very, very scared! The world is coming to an end! Mercy!"

Och wann mir déi eventuell Konsequenzen vun eisem Handelen ze droen hunn, d'Welt selwer geet sécherlech net ënner. Mä et ass einfach ignorant ze behaapten, dass d'Handelen vun 6 Milliarden Mënschen ob dëser Welt keng Konsequenzen hätt.
XYZ wrote:
Ech hun ee Video extra fir Dech. Hoffentlech verstees De waat dee seet. D'kënnt Dech e bëssen 'ustréngen'....

Och hei Merci fir d'Beleidegung. Wann dee Video extra fir mech ass, huelen ech un ech gehéieren och zu den "morons" déi een muss bekämpfen. Wann een halt keng anstänneg Géigenargumenter huet, dann muss een eben ob perséinlech Attacken zeréck gräifen. Well ausser Attacken hunn ech elo leider keng anstänneg Géigenargumenter zu der Kritik gesinn, déi ech a mengem leschten Kommentar ugefouert hunn. Léiwen XYZ du schéngs der deng Meenung schon längst gebild ze hunn an déi och ob ähnlech dogmatesch an fanatesch Art a Weis ze verteidegen, wéi d'Global-Warming Jünger, déi vun dir hei sou oft attackéiert ginn.

Gust, Du bass 2 Joër

Gust, Du bass 2 Joër hannendran. Du hues wahrscheinlech och den Climategate Skandal nët matkritt (vu dass De Dech op Zaitungsartikelen vun 2007 bezitts). T'ass mer ë bessen zu ustrengend fir mat Der ze streiden wëll's De naischt matkritt hues vun der fatzëger Diskussioun iwert di aaner Aspekter vum Global Warming Betrug.

T'ass Der wahrscheinlech och laanscht d'Nuës gaangen dass den Haaptwëssenschaftler, den Phil Jones, vun séngem Posten vun der ICCP huet missten zrécktrieden wëll di ganz Donnéën manipuléiert woaren. De Guardian ass bekannt fir séng 'gring' Linn an den Independent mecht nëmmen deen 'coverage' deen ën absolut muss... Wiki kann een nët wierklech eescht huelen, déi gi vu Leit wi Dir geschriwen...sorry man... Cool

Een deen mat esou fadenscheinig Argumenter kënnt, iwerzeegt nët. Du brauchs mier naischt ze gleewen, Du muss just d'Aën opmaan a ronderëm Dech kucken:

Ween am décksten téint an am Mannnsten opwaises huët (d'Politiker), d'Aktivisten déi esou blannemänches alles als 'anti-gring' vernennen wann ee probéiert ëppes dergéint ze haalen (se gi jo wëll mat Holocaust Verleugner op di sëlwecht Stuuf gestallt), an d'Leit di ënnert dem ganzen Zirkus zu Kopenhagen vergiessen dass se do - trotz allen bëschten Beméiungen - méi Dreck, Ooffall an CO2 ausgestouss an hannerlooss hun ewéi déi, déi nët wi voll programméiert gehierlos Schoof deem Ganzen an deem se dem hannert dem Ligener Al Gore hiergelaaf sin, nach hierem perséinlechen Fanatismus Opdrëff gin hunn.

Een deen naischt vu Weltpolitik kennt huet vlaicht besser emol séng Hausaufgaben ze maachen anstatt deen de probéiert eng aaner 'Vu' ze présntéieren als Blödmann dohinner ze stellen. An, à propos, déi vun Sokrates wëssen ween ech sin.

Ech hun den Androck dass De nach nët méi wait ewéi deng eegen Hausdier - an dann d'Garagendier, deng Autosdier an erëm nees heem - erëmkomm bass. Du gleews alles waat d'Tele Der verzaapt:

"Global warming is real! Be scared! Be very, very scared! The world is coming to an end! Mercy!" Shock

Ech hun ee Video extra fir Dech. Hoffentlech verstees De waat dee seet. D'kënnt Dech e bëssen 'ustréngen'....

http://www.youtube.com/watch?v=-ZYaKOk-3B0&feature=fvsr

Jojo an der Anonymitéit

Jojo an der Anonymitéit léisst et sech gutt munkelen, do kann een sech dann och selwer op d'Schëller klappen Wink

Déi "Kommunismus-Verschwörung" ass jo wuel och eng vun de lächerlechsten Behaaptungen, déi ech je gelies hunn an wann een och nëmmen e bessen realpoliteschen Verstand huet, dann mierkt een dat och direkt.

Nach eppes zur "great global warming swindle" Doku:

wikipedia wrote:
Der Film wurde scharf kritisiert. So enthalte er schwere Fehler, die die Glaubwürdigkeit herabsetzen, und verwende Grafiken, die veraltet, verzerrt, falsch beschriftet oder einfach falsch seien, um seine Thesen zu stützen. Widersprechende Fakten würden komplett verschwiegen, so die Tatsache, dass Entwicklungsländer nach dem Kyoto-Protokoll von der CO2-Minderung ausgenommen sind. Inzwischen bezeichnete ein Mitarbeiter des Senders Channel 4 die Dokumentation als „polemisch“.[5]

http://de.wikipedia.org/wiki/The_Great_Global_Warming_Swindle

Ma bon, villäicht ass Wikipedia jo och Deel vun der Verschwörungspropaganda.

Quote:
A Channel 4 documentary claimed that climate change was a conspiratorial lie. But an analysis of the evidence it used shows the film was riddled with distortions and errors.

http://www.independent.co.uk/environment/climate-change/the-real-global-warming-swindle-440116.html

Ech huelen un den independent ass och deel vun der Verschwörung.

Eis Climategate Vertrieder hei reegen sech och gären iwwert zwee verdächteg Mails op, wou anscheinend Zuelen verdréint goufen an gläichzäiteg beruffen se sech awer ob Quellen, déi genee dat selwecht maachen an dat nach vill schlëmmer:

Quote:
George Monbiot warf dem Sender Channel 4 vor, die Fakten zu verdrehen, um sensationsheischend eine Kontroverse zu erzeugen. Wenn man wie dieser Film bereits widerlegte Arbeiten verwende und Ergebnisse einseitig auswähle, könne man praktisch alles als wahr darstellen.

http://www.guardian.co.uk/commentisfree/2007/mar/13/science.media

Mä wahrscheinlech gehéiert den Guardian och zur Verschwörung. Wien weess, wien weess.
Verschwörungen sinn eben oft eng gudd Medizin fir seng ganz perséinlech Versioun vun der Realitéit ze immuniséieren. Mä jo, villäicht wier et besser, wanns du däin eegenen Verschwörungs-Blog géif schreiwen "XYZ" Wink

Den 'Ursprung' vun deenen

Den 'Ursprung' vun deenen 'artifiziell' kreéiërten Eskalatiounen woar am Joër 2000 zu Seattle. Do koumen di 'gesponsert' agressiv Demonstranten an di 'schwoarz Arméi' di éischter Kéier richteg zum "Asaatz" - eng 'Virbereedung' fir kënnen d'Patriot Acts I, II an III an den USA anzeféieren. 2001 woar dun de Knackpunkt fir kënnen der FEMA (d'Polizei vun der Homeland Security) d'Vollmacht onoofhängeg vum 'offiziellen' Gouv. kënnen 'carte blanche' bei allen méiglechen "Krisesituatiounen" ze gin.

drinkingwithbob wrote:

Quote:
An iwwregens nach, fir den XYZ: ech fannen déng Beiträg ëmmer décke Gas, wäer cool wanns de och e Blog häs oder sou, du schreiws jo schonn esou vill hei, géing deen opalle Fall liesen.

Embarassed Hrrmm... Villmols merci...öhhh ech muss emol kucken op ech d'Energie dofir hun Wink Op jidfer Fall soën ech Der mol scho merci fir Déng Ënnerstëtzung an Déin Zousproch. Ech wees dass ech géint de Stroum schwammen (waat nët ëmmer evident ass), mee wann ech e puer Leit kann un d'Nodenken kréien anstatt zu allem 'jo & amen' mam Kapp ze wackelen, bréngen méng fierchterlech laang Kommentairen jo vlaicht dach nach ëppes. Hüstel!

Et wäert wuel e Flop gin,

Et wäert wuel e Flop gin, mee da wäerte vill Leit et emsou méi herbäisehnen.

Schwoarz (oder ganz donkelblo) Polizeiuniformen schéngen elo och schrattweis an Däitschland agefouert ze gin, a RP si mer déi éischt schonn iwwert de Wee gelaf.
Dassen dDemonstrantenzich infiltréiert gin vu Spezialeenheeten, däerf jo spéitstens säit Genua bekannt sin. Do war d'Polizei och reegelrecht 'schaarf' gemeet gin, wéi Hënn, an dann op dDemonstrante lassgelooss gin. Buedemlos Sauerei.
Zu Heiligendamm gouf et ebenfalls Infiltratoren an zu Montreal, an net nëmmen do, zaguer speziell kurzfristeg ugeluechten "Sammelstellen" fir dLeit 'anzelochen' (an dat waren deelweis Asbest-verseuchte Gebeier).
D'Rechter gin ëmmer méi friséiert à la 'Verbriechen schonn am viraus op Äis leeen' an et gëtt och m.M no ëmmer méi derno gekuckt, dass dPolizei an dBierger déi op de Stroossen fir eppes astinn sech géigesäiteg sabotéieren.

Ech mengen, niewbäi, dass et och emol der Wäert e Beitrag am Forum opzeman ënnert der Iwwerschrëft "Verschwörungstheorien", fir deem Thema emol gerecht ze gin a genee ze kucken, wat iwwerhaapt na Theorie ass, a wat scho Praxis. Mengen, wäert mech deem emol iergendwann unhuelen.
An iwwregens nach, fir den XYZ: ech fannen déng Beiträg ëmmer décke Gas, wäer cool wanns de och e Blog häs oder sou, du schreiws jo schonn esou vill hei, géing deen opalle Fall liesen.