D'Sonndeslach

Sonndes ass do fir ze faulenzen an ze kucken, wat an der Weltgeschicht esou passéiert ass. Hei eng kleng Auswiel:

Eng Ofdreiwung ass näischt, wat een mat liichtem Häerz mécht. Fir vill Fraen ass dat eng Entscheedung, déi si hiert ganzt Liewen matdroen mussen. Allze oft stinn si alleng mat hirer Entscheedung do, well de Partner virum Problem fortleeft oder sech net domatten identifizéieren kann. Vill méi oft awer fillen déi Fraen sech alleng, well d'Gesellschaft dat Thema Ofdreiwung nach ëmmer tabuiséiert, mam Fanger ob si weist an well Ofdreiwung an de Käpp vun villen Leit nach ëmmer mat Mord gläichgestallt ass. Wéi schwiereg esou eng Entscheedung kann sinn, weist folgenden Artikel aus der Taz:

Quote:
Das Dilemma ist nicht lösbar. Nicht, indem man feministisch-forsch darüber hinweggeht. Und noch weniger, indem man Slogans wie "Abtreibung ist Mord" skandiert. Man kann nur hindurchgehen. Und wenn man dabei steckenbleibt, wie Martina Nierbach: Hilfe suchen.


No der Reforme vun den Primärschoulen kennt elo och de Secondaire un d'Rei. Do kann een nëmmen vill Gléck wënschen:

Quote:
Les élèves se spécialiseront à partir de la classe de 3e / 12e. Deux nouvelles spécialisations («artistiques» et «communication») feront leur entrée dans l'enseignement secondaire technique. L’enseignement secondaire s’organisera en deux parcours: «langues et sciences humaines» et «sciences et mathématiques».


D'Mëssbrauchs-Skandaler vun der kathoulescher Kierch briechen net of. Mä si ass net déi eenzeg, déi ënnert sou Virfäll ze leiden huet. Ob enger Hessescher Elite Privatschoul, goufen elo Messbrauchsfäll am groussten Stil bekannt gemeet. Hei goufen em déi honnert Schuler zënter 1971 sexuell mëssbraucht:

Quote:
Die private Odenwaldschule in Heppenheim mit gut 200 Schülern ist eine Unesco-Modellschule. Zahlreiche Prominente gehören zu ihren ehemaligen Schülern, darunter der Grünen-Politiker Daniel Cohn-Bendit sowie Klaus Mann. 2005 kürte das Wirtschaftsmagazin Capital die Schule zur besten hessischen Schule mit gymnasialer Oberstufe.


Am Irak gëtt gewielt. Et ass déi zweet Wiel, déi nom Doud vum Saddam Hussein stattfënnt. Leider ass och dës Wiel an vill Blutt gedränkt.

Quote:
Viel hängt von diesen Wahlen ab, nicht zuletzt der amerikanische Truppenabzug. Bis Ende August werden laut der US-Vereinbarung mit der irakischen Regierung die amerikanischen Kampftruppen abrücken. 50.000 Soldaten bleiben, vor allem als Ausbilder für die irakischen Streitkräfte. Ende 2011 sollen alle US-Militärs nach Hause zurückkehren - so hat es Präsident Barack Obama versprochen.


Fir nees zeréck zum Thema Ofdreiwung ze kommen. Amerikaner ginn alt nees dat beschten Beispill, wéi een net mat deem Thema ëm soll goen.

Quote:
Ms. Davis traveled to black churches and colleges around the state, delivering the message that abortion is the primary tool in a decades-old conspiracy to kill off blacks.


Zu gudder Lescht nach en zimlech interessanten Artikel iwwert den Roger Ebert, den wuel bekanntsten Filmkritiker ob der Welt. Den Ebert krut 2006 säin ënneschten Kiefer,´wéint engem Tumor, komplett entfernt an kann zënter deem net méi schwätzen. Trotzdem schreift en seng Filmkritiken weider an dat zënter iwwer 40 Joer.

Quote:
Roger Ebert can’t remember the last thing he ate. He can't remember the last thing he drank, either, or the last thing he said. Of course, those things existed; those lasts happened. They just didn't happen with enough warning for him to have bothered committing them to memory — it wasn't as though he sat down, knowingly, to his last supper or last cup of coffee or to whisper a last word into Chaz's ear. The doctors told him they were going to give him back his ability to eat, drink, and talk. But the doctors were wrong, weren't they? On some morning or afternoon or evening, sometime in 2006, Ebert took his last bite and sip, and he spoke his last word.


Sonndeger sinn do fir News ze liesen, mä och deen een oder aneren youtube Video ze kucken. Wéi z.B. dësen: