Avortement: Koalitiounspartner musse lo kucken, sou Biltgen
Verfasst von Manuel am 22. Juli 2010 - 9:36.
No Bedenke vum Staatsrot um Avortements-Gesetz: De Justizminister seet, datt den Text dat erëm gëtt, wat CSV an LSAP ofgemaach hunn. Lo muss geschwat ginn.
Artikel lesen
(Quelle: rtl.lu)




@ agnosti: Hei beim Sujet
@ agnosti: Hei beim Sujet geet et jo net ëm e Strossebau oder de Verlaaf vum Tram.
A gesellschaftspoliteschen Froen muss de Wieler wëssen, wou en mat „senger“ Partei drun ass. Virun de Wahlen ass beemol net méi no de Wahlen!
D'CSV wor géint di aktiv Stierfhëllef, bis zum Schluss. Si huet kee Waasser an hire Wäin geschott. Firwat sollten d'Sozialisten dann net och zu hirer Iwwerzeegung stoen? Wann dat engem Grand-Duc net passt, da passt et eben net! Wee seet dann, dat deem seng Decisoun de Lëtzebuerger gepasst huet?
Et geet also net ëm eng Verallgemengerung; et geet net ëm "all Gesetz", wéis du dat hei fréis.
@ Rhett: Däerf e
@ Rhett:
Däerf e Koalitiounspartner wierklech ni Waasser a säi Wäi schëdden? Muss wéint all Meenungsverschiddenheet bzw. wéinst all Gesetz eng Staatskris erbäigefouert ginn? Ech wees net, ob dat an eisen Zäite sënnvoll wir...
Een, deen de Bauch wéi
Een, deen de Bauch wéi huet, geet bei den Dokter a lisst sech beroden. Duerfir brauch ee kee Gesetz.
Eng Fra di schwanger ass, geet bei den Dokter a lisst sech objektiv beroden, wann den Dokter net gerad e Member vum Opus Dei oder en iwwerzeechten Evangelikalen ass. Dat huet en leider fir di Betraffen net op sengem Schëld stoen!
E Gesetz kann héchstens eng Berodung ubidden, eng Méiglechkeet duerfir schafen. Gezwongen därf awer d'Fra net ginn! Eng Schwangerschaft ass jo keng ustiechend Geschlechtskrankheet.
A wann d'Sozialisten Waaser an hire Wäin schëdden, der Cohabitatioun weegen, dann sinn et Verräter. Entweder stinn se zu hiren Iwwerzeegungen oder net! Da sollen se dat och klor soen. Sou profiléieren se sech bestëmmt net. De Wieler brauch klor Aussoen an en decidéiert Handelen. Soss gëtt en seng Stëmm spéider aaneren, faute de mieux!
De François Biltgen ass
De François Biltgen ass sech bewosst, dass d'Meenungen ausernee ginn.
Hien ass e gescheite Mënsch, an hien ass e Realist. Awer hien ass op der aner Seit och enger gewësser Doktrin verpflicht.
D'Fro ass vläicht, wie wat soe soll ... oder wat de sozialistesche Regierungspartner um Enn seet?
Soen d'Sozialisten, "was Sache ist", oder huele si Rücksicht op de chrëschtleche Regierungspartner, well si op kee Fall de léiwe Regierungsfridden a Fro stelle wëllen?
Zu der Fro ob d'Berodung obligatoresch soll sinn oder net:
Wa se obligatoresch gëtt, mëcht also jidderee sech strofbar, deen d'Berodung emgeet.
Ob jiddereen déi Berodung néideg huet, steet op engem aner Blad. Wahrscheinlech sinn eng Partie Leit, bei denen d'Berodung jiddefalls nëtzlech wier. Aner Leit ginn do besser eens, hunn den néidege Bagage a géifen déi Berodung just als eng Schikan ugesinn.
Ech weess awer net, ob een an d'Gesetz schreiwe kann, alleguer déi Leit déi zum Beispill en Unisdiplom a Medizin an/oder Psychologie hunn, sinn d'office vun der obligatorescher Berodung dispenséiert, am Fall wou si ofdreiwe wëllen.
E Gesetz huet am Fong allgemenge Charakter, soll awer dozou bäidroen dass d'Situatioun fir jidder eenzelne Bierger besser gëtt.