Reaktion op dem Robert Goebbels seng OGM-Aussoen

Här Goebbels,

Mat Entsetzen hun ech haut an den Norichten geliës, dass Dir dach tatsächlech der Iwerzeegung sidd, dass mir mei missten op Gentechnik bei Liëwensmëttelen bauen. Bon, ech emgin mol einfach dei üblech Diskussion em Genmanipulation, well ech gleewen kaum, dass ech do eppes bei Iëch wiërt ereechen kënnen - ech huëlen un do sin och nach zimlech vill Suën mat am Spill.

Waat mech awer nach mei rosen mëcht, daat as Är angeblech Ausso, dass Dir dach tatsächlech mengt, dass d'Menschheet an Zukunft net mei anescht z'ernähren wir. Hudd Dir Iech emol wirklech serieux iwert Alternativen an zumols och iwert d'Meenung vun der Kommission fir d'Menschenrecht op Nahrung vun der UN oder dem Worldwatch Institute informéiert? Mir kënnen d'Menschheet haut schon nemei ernähren! An doruns wiert Gentechnik och neischt änneren! Deen eenzegen Wee fir daat z'änneren as, wann mir eis an der westlecher, industrialiséierter Gesellschaft mol endlech giffen eiser Verantwortung bewosst gin an eisen Konsum vun Fleesch, Mëllech an Eeër giffen massiv senken, wann net komplett opgin! Well daat as deen eenzegen Wee fir dei gesamt Menschheet kënnen an Zukunft z'ernähren.

All 2 Sekonnen stiërwt en Mensch un Honger (dovun 43.000 Kanner pro Daag) an daat as eng direkt Folg vun eisem Konsum hei! Mir sin dofir verantwortlech, well daat geschitt nëmmen well mir 50% vun eisem weltweiten Weez an 90% vun eisem weltweiten Soja un eis Notzdéieren verfidderen anplaaz et den Leit direkt zoukommen ze loossen. Mee nee, mir schaaffen emmer mei nei Kéih, Schwäin, Hinger an aner Notzdéieren, dei emmer mei Fudder brauchen, well mir emmer mei Fleesch, Mëllech an Eeër wëllen hun. Fir nëmmen 1 Kg Fleesch hirzestellen sin bis zu 16 Kg pflanzlecher Nahrung (dei meeschtens suguer aus Länner kënnt, wou d'Leit nierwt den Fudderfelder fir eis Notzdéieren erhéngeren) an ronn 10 bis 20 Tonnen Waasser noutwendeg! An daat nëmmen bei engem Kg Fleesch. Lo stellt Iëch mol fir, weivill daat bei engem ganzen Déier, jo suguer bei deenen ronn 40 Milliarden Notzdéieren sin, dei mir all Joer fir eis Ernährung schluechten! Stellt Iëch emol fir weivill Leit domat kinnten (op eng vill mei gesond Art an Weis wei mat Fleesch an Mëllech) ernährt gin.

Dei britësch Zeitung "The Guardian" huet schon 2002 geschriwen: “It now seems plain that [a vegan diet] is the only ethical response to what is arguably the world's most urgent social justice issue [world hunger].” Den Jean Ziegler, UN-Sonderberichterstatter fir d'Menschenrecht op Nahrung huet geschriwen: „Die Weltlandwirtschaft könnte ohne Probleme 12 Milliarden Menschen ernähren. Das heißt, ein Kind, das heute am Hunger stirbt, wird ermordet.“

Den Dr. Walden Bello, Direkter vum "Institute for Food and Development Policy", sot: "There is enough food in the world for everyone. But tragically, much of the world's food and resources are tied up in producing beef and other livestock – food for the well-off, while millions of children and adults suffer from malnutrition and starvation” an “Fast-food diets and the meat-eating habits of the wealthy around the world support a world food system that diverts food resources from the hungry”.

Och den Worldwatch Institute schléißt sech do un: “Meat production is an inefficient use of grain – the grain is used more efficiently when consumed directly by humans. Continued growth in meat output is dependent on feeding grain to animals, creating competition for grain between affluent meat-eaters and the world’s poor”.

Mee ech muss eierlech soen, dass et mech net verwonnert, dass d'EU trotz aller Vernonft an Moral d'Notzdéierenindustrie massiv mat Steiergelder finanzéiert, genau sou wei se den Tabakubau subventionéiert an gleichzeiteg Werbekampagnen géint d'Fëmmen mat Steiergelder bezillt.

An iert Dir elo irrtümlecherweis denkt, dass eng vegan Ernährung net gesond wir: Genau den Geigendeel as den Fall! Veganer liëwen mei lang, mei gesond, gin manner schnell krank an sin mei fit wei d'duerchschnëttlech Bevölkerung. Zu dësem Ergebnis kommen och ganz vill Dokteren, Ökotrphologen an Ernährungswëssenschaftler, wei zum Beispill den "Physician's Committee for Responsible Medecine" oder dei weltweit gréißten onofhängeg Ernährungsorganisation "American Dietetic Association (ADA)" denen eng Onmasse un Dokteren an Ernährungswëssenschaftler ugehéieren: "The ADA concludes that well-planned vegetarian diets – including vegan diets – are healthful and nutritious for adults, infants, children and adolescents and can even help prevent chronic health conditions such as heart disease, cancer, obesity and diabetes." an “It is the position of the American Dietetic Association that appropriately planned vegetarian diets, including total vegetarian or vegan diets, are healthful, nutritionally adequate, and may provide health benefits in the prevention and treatment of certain diseases. Well-planned vegetarian diets are appropriate for individuals during all stages of the life cycle, including pregnancy, lactation, infancy, childhood, and adolescence, and for athletes.”

Ech fannen et doweinst en Skandal, dass Dir entgeint aller Vernonft dach tatsächlech versicht OGMen duerzestellen, als dei eenzeg Meiglechkeet fir d'Menschheet an Zukunft z'ernähren. Daat as eng rieseg Ligen! Mir hun haut schon längst d'Meiglechkeet, jo mir hun suguer eng Iwerproduktion vun Iëssen! Den Probleem as just dass mir den gréißten Deel un eis Notzdéieren verfidderen anplaaz eis selwer z'ernähren! Ech wënschten Dir an d'EU gifft endlech ufänken do Aer Responsabilitéit z'iwerhuëlen! Mir brauchen keng OGMen an mir wëllen och keng OGMen! Mir hun schon alles waat mir brauchen fir eng gesond, human, emwëlt- an déierenfrëndlech Ernährung bei där keen Meensch muss un Honger leiden. Mir mussen just bereed sin et ze maachen! Also haalt w.e.g. op d'EU-Bierger an d'Lëtzebuerger mat esou Ligen ze beschwichtegen.

Mat frëndlechen Gréiß,

MANNES, Jeff

Virwat musse mer dann am

Virwat musse mer dann am Moment all op di industriell Methoden fir "Déieren ze verschaffen" zreckgraïfen. Ma ganz einfach well di meesht carnivoren et ni selwer genge faerdeg brengen en Déier ze halen an duerno ze schluechten. Déi di et kéinten daerfen et net well Klengedéirenahltung an d'Schluechten enner allerlee Vriwenn (Schwengs- a Vullegripp)vun der Eu verbueden goufen fir eben d'Industrie ze förderen well wanns du der doheem 3 Kanengercher an 12 Poulet'en hälls déis de schluechts a selwer consomméiers da verdengt onse Papa Staat an och di helleg Kou Eu dorun keen cent. Wanns de dogéint 100000 Poulet'en op industriell manéier ziichts a verkeefs mussen dorop Steieren bezuelt gin an soumat gin domat Suen verdengt. Also Leit di et wéilten aanescht maan, also Déieren a klengen unitéiten A Fraïland enner gudden Konditiounen haalen fir besoins alimentaires kéinten et net emol well et schlicht verbueden as. Waard mol nach e puer Joer wi sech d'Economie weider entweckelt, vlaït kennt Selbstversorgerum dann rem méi op.

Nujo, et muss een op vegan

Nujo, et muss een op vegan oder net awer trotzdem agesinn, dat Veihzucht, wei se momentan ass, zu engem ökologeschen Disaster werd feiern.
Aleng wann een bedenkt weivill Waasser een fir d'Veihzucht braucht. Oder weivill Reenbesch oofgeholzt get fir d'Veihzucht. An wann d'Klimafuerscher Recht hunn, dann sinn dei ganz Methangasen an Stickstoffoxiden vum Veih och net ganz denglech, fir den Klimawandel nach ze vehennern.
Opjiddefall huet FAO en intressanten Rapport iwwer dei Themen all geschriwwen :
http://www.fao.org/docrep/010/a0701e/a0701e00.HTM

Alpha - du bass heimatt

Alpha - du bass heimatt häerzlech op e Päerdsbifteck am "Penalty" zu Uewerkuer invitéiert. An zwar wells du hei bewisen hues, datt et am Internet net nëmmen ostentativ gewise Psychopathologien mee heiansdo och nach éng Grëtz Intelligenz gët.
M e r c i

Majo Frank, well mer jo

Majo Frank, well mer jo allenzwee ennert Pseudonymer schreiwen déi immens vill iwwert eis aussoen, (op elo antiken Buchstaaf oder näischtsoenden Virnumm) , dann ass et jo an der Rei wann mer eis dutzen, oder ?

Ech gesinn, du bass en Unhänger vun Leschten, dofier maan ech dann elo och eng Lescht, déi Denger waat d’Nummeréierung ugeet entsprecht.

1)
Natirlech mescht de Jeff keng Hetzkampagne géint di « béis » Fleeschfriesser. Liesen mer mol Aussoen ewéi :

"Deen eenzegen Wee fir daat [dass mer d’Welt angeblech haut schon net méi ernährt kréien] z'änneren as, wann mir eis an der westlecher, industrialiséierter Gesellschaft mol endlech giffen eiser Verantwortung bewosst gin an eisen Konsum vun Fleesch, Mëllech an Eeër giffen massiv senken, wann net komplett opgin! Well daat as deen eenzegen Wee fir dei gesamt Menschheet kënnen an Zukunft z'ernähren."

Et ass just mat desem Zitat wou d’fleeschfriessend westleche industrialiséiert Gesellschaft integral d’Schold um Welthonger zougeschwaat kritt. Wie gesoot: et ass deen EENZECHEN Wee fir di gesamt Menschheet an Zukunft ernähren ze kennen! Natirlech gett domadder net de Jhang ugegraff deen Owes gären säin Bufftek esst. Natirlech net, wéi absurd ze behapten, d’Welt géiff erhengeren well mär Fleesch iessen an mat deem Statement dann och d’Fleeschiesser ze attackéieren. Daat ass wierklech aus der Loft gegraff! Mär freen eis an Zukunft och op:
**Kritik um Autofueren (wéinst Loftverpeschtung) ouni den eenzelnen Chauffeur un zegräiffen.
**Kritik um Femmen (winst Schiedechung vun Passivfemmert’en an Käschten fir de Gesondheetssystem) ouni den eenzelnen Femmert ze attackéieren.
** etc, etc, etc…
Jiddereen aus eiser Gesellschaft deen Fleesch, Mellech an Eeër esst ass sech senger Verantwortung net bewosst an léisst d’Welt erhingeren. Mee et soll sech lo nemmen keen Fleeschfriesser attackéiert fillen!

2)
Natirlech erwähnt den Härr Ziegler néierns den Veganismus, en huet näischt mat der Problematik ze dinn. An awer gett den Ziegeler am selwechten Otemzuch ernimmt wéi en Artikel aus dem Guardian, deen de veganen Liewensstil als Léisung vum Problem virschléit. Och wann de Jeff néierns erwähnt dass den Härr Ziegeler desen Satz an engem aneren Zesummenhang mam Welthonger benotzt huet, ass et jo natiirlech kloer dass dem normalen Lieser direkt opfaalen muß dass daat Beispill elo näischt mam Veganismus ze dinn huet mee einfach benotzt gett fir d’Problematik duer ze leen. Daat ass jo wuel eng ganz normal Praktik wann een als EENZECHEN Auswee vum Welthonger den Veganismus virschléit…

3)
Hun ech vegan/veganesch/Veganismus iergendwou falsch geschriwwen? Daat deet mer leed. Mee bei enger Sach sin ech virwetzech: wéi schwätzt een korrekt vegan? Ass daat su eppes wéi Klingonesch? (tl;dr: ech hun d’Kritik an desem Punkt net verstanen. Mee ech sin un der Vermehrung vu Wessen interesséiert an lossen mech dofier gären beléieren.)

4)
Natirlech ass et eng Beleidechung fir di betraffen Persoun wann hier Sätz komplett aus dem Kontext gerappt gin. Et beweist nämlech dass een sech entweder net genuch Zäit geholl huet fir sech anständech mat der Matière auserneen ze setzen oder dass een bewosst higeet an eng Ausso messbraucht fir eng Agenda ze ennerstetzen, déi vun der Ausso eigentlech net berücksichtecht gett. (well se näischt mam Thema ze dinn huet). Mee erem ass daat einfacht Opmierksammachen op Faktenverzerrung nemmen den Fleeschfriesser Hunnech em de Mond geschmiert… Japp…

5)
Hei eng Definitioun vum Wiki-Dicitonär zum Wuert Lobby:

Interessengruppe, die eine Meinung vertritt und diese durchzusetzen versucht

Den PCRM ass jo no denger Recherche (nee ech hun net gekuckt, ech fannen et normal dass een recherchéiert…) en Zesummenschloss vun Dokteren dei versichen no etheschen Richtlinien Medezin ze féieren. Dann réit en de Léit eng vegan Liewensweis un zehuelen. Veganismus ass dach gréisstendeels eng ethesch Liewensart, oder? Néierens allerdings gett erwähnt daß eng „well planned omnivore diet“ (also vun allem eppes an vun näischt zevill) ebenfalls en Wee ass fir gesond ze bleiwen. Kann ech dorausser schléissen daß den PCRM eng gewessen Meenung vertrett an des probéiert duerch ze setzen andeems en näischt iwwert omnivor Alternativen seet? Ech denken schon, oder? Mee mär sin jo natirlech richtech Héipien wann mer behapten daß den PCRM dowéinst zur Veganerlobby gehéiert. Wéi kennen mer eis nemmen umossen esou eppes och nemmen ze denken?
Déierenversich hun an deem Senn eppes mam Veganismus ze din daß d’Veganergrupp där de Jeff jo anscheinend ugehéiert, aus Déierenrechtlechen an etheschen Grënn géint des Versich sin. Natirlech ass net all Anti-Déiereversich.Dude en Veganer mee d’Haltung vum PCRM paßt gudd an hier vegan Grondhaltung eran. „Ärzte gegen Tierversuche“ ass natirlech e Riesendëng. Wéi se sech selwer op hierer Homepage bretzen, gehéieren hinnen „hunderte Mitglieder“ un, ob Arzt oder Straßenfeger spillt keng Roll. Des Honnerschaften sin natirlech en riesen Géigengewicht zu den Zigdausenden Wessenschaftler, déi all Dach honnerten Papers veröffentlechen, déi vun Déierenversich handlen an ganz brauchbar Daten liwweren. Ech selwer schaffen an enger Arbeschtsgrupp déi Déierenversich duerchféiert an mär liwweren wuel brauchbar Donnéen. Mee iwwert Sënn an Onsënn vun Déierenversich kennen mer gären en separat Thema starten. Et sief just gesoot, hätten mer eng wierklech brauchbar Alternativ zu Déierenversich, mär géiffen se benotzen. Keen aus der Grupp brecht der Maus gären d’Geneck (no der O.P. awer nach an Narkose) oder erfreet sech drun eng ganz Grupp stierwen ze gesinn winst enger Kaplan-Meier-Kurve… Mee soit, daat gehéiert an en anert Thema.

6)
Natirlech leet de Jeff der ADA besootent Zitat net an de Mond. E benotzt se just als Rechtferdechung fir de Fleeschkosnum oof ze schaffen. Remember? Et ass deen EENZECHEN Wee! Ech denken net dass ech mech besonnech vun Gefiller, wéi Hass leeden lossen, ech hassen keen Veganer. Ech hassen just de Messbrauch vun der Wessenschaft duerch Ligen, Fehl- a Messinterpretatiounen an Verzerrungen.

7)
Wees de, léiwen Frank, ech stellen mech net heihinn an soen et dierft een keen Veganer sin. Deng gudd genierten Veganer hun sech vläit genuch Gedanken iwwert hier Ernährung gemeet an kucken dass se iwwerall all hier Nährstoffer hierkréien. Daat ass jo net schlecht. Et ass just e bessen méi Arbescht. Ech kennen awer Leit vun deem Ufer, déi keng „well-planned“ vegan/vegetaresch Diät anhaalen. Daat sin déi spargelesch Gestalten op déi ech uspillen.
Mee zur Behaptung dass Vit.B-12-Mangel prozentual vill méi bei omnivoren firkennt, do well ech eng Quell hun! Dass och Fleeschfriesser desen Mangel entwecklen kennen opwuel se genuch Cobalamin iessen, hängt mat engem Malabsorption-Syndrom zesummen. Mee ech mierken dass ech nees en vill ze groussen Text schreiwen, dofier verzichten ech elo hei op eng kleng Nohellefstonn a Sachen Medezin, dass awer elo net den Verdacht opkennt ech géing Sachen verheemlechen…

8 )
Natirlech well de Jeff net beweisen dass d’ADA vegan ass, daat steet jo néierens. Et ass just witzech dass des Gesellschaft vun him benotzt gett fir Rechtferdechungen fir den veganen Liewensstil ze sichen an dass se op aner Platz awer zum Konsum vun Déierenprodukter réit. Et kann een daat en Ennermauerungsversuch nennen, ech nennen et Korinthenpickerei…

9)
Waat wells de mer soen mat „dass eng weit verbreeten iwerwiegend vegetaresch oder vegan Ernährung eng Firaussetzung as, dass deen Probleem iwerhaapt kann geléist gin!“?
Waat soll „iwwerwiegend“ heeschen? Dass zwar vill Geméis giess get an dass awer Fleesch därf giess gin? Dann wären mer eis jo eenz… (Mee komm dann nennen mer di Sach net méi vegan/vegetaresch mee omnivor, oder?) Wéi den opmierksamen Lieser secher schon erkannt huet, propagéieren ech eng „Alles mat Mossen“ Iessgewunnecht. (Verschiddener hun et wuel iwwerlies) Des Gewunnecht hätt zur Konsequenz dass eisen Fleeschkonsum géiff senken. Deen, wéi ech och schon betount hun, ze héich ass.
Ech géing lo och gären epuer super Zitater zum Thema an d’Ronn schmäissen, mär fällt awer nemmen eent vum Churchill an:

“It is a good thing for an uneducated man to read books of quotations. The quotations, when engraved upon the memory, give you good thoughts. They also make you anxious to read the authors and look for more.”

10)
Genau! Mär géiffen theoretesch genuch Kären spueren fir all Hongernden ze ernähren. Wou ass de Problem wann mer se hinnen einfach schenken? Dann hun se jo keen Honger méi… Waat ass et dann waat mer hinnen nach „oofzéihen“? Oder dämmert et der do dass den Honger vun der Welt net nemmen mat eisen Buffgewunneschten zesummenhänkt, mee nach ganz aner, sozial an okönomesch Facetten huet. (Op waat ech iwwrechens och an menger 1.Änwert higewisen hun… den opmierksamen Lieser ass nees am Virdeel…)

11)
Euch wees net vun wous du op mäin Fleeschkonsum schléissen wells, mee et sierf der gesoot, ech hun meng wöchentlech Fleeschratioun gekierzt, daat schon virun langer Zäit, (e Seminar iwwert Drenkwasserhygiène huet mer do den Ustouss gin) et gelengt mer net emmer ausbalancéiert ze iessen mee ech hun et dowéinst trotzdem net néidech mech beschellechen ze lossen ech wär Schold drun wann kleng Kanner an Afrika stierwen NEMMEN well ech Fleesch iessen. Remember? Et ass deen EENZECHEN Auswee!

12)
Mäin Kierper ass gemach fir Fleesch ze iessen, dofier iessen ech et. Egal wéivill Veggiewessenschaftler ech lo vun de Veganer un de Kapp gehéit kréien déi de Geigendeel behapten. Keen Fleesch ze iessen ass dofier a mengen Aaen géint d’Natur vum Mensch, mee hey, wann e Mensch daat fir sech well dann ass daat seng Sach an heen soll domadder glecklech gin. Ech stellen mech kengem Veganer an de Wee deen glecklech well gin andeems en keen Déier „benotzt“. Daat ass säin Choix. Mee dann sollen se och mär de Choix lossen an mech mäin Bufftek iessen lossen. Daat ass Toleranz. Intoleranz ass et, Texter ze verfassen an deenen de Fleeschkonsument d’Schold um Misère an der Welt kritt an wou nach iwwelst gelunn a verzerrt gett!
Ech gin nemmen aktiv an schreiwen Texter „géint“ Veganer wann ech mech selwer ugegraff fillen als Fleeschkonsument. Daat ass reng reaktionär an huet näischt mat Haß ze din! Hätt den Jeff eppes geschriwwen à la: ”Wannechgelifft, konsideréiert de Veganismus als Léisung vum Hongerproblem, wann en ärch net zouseet aus wéi engen Grenn och emmer dann konsideréiert w.e.g eng Reduktioun vun ärem Fleeschkonsum hin zu enger ausbalancéierter omnivorer Iessweis.” Op esou en Text hätt ech kaum geänwert, ausser am Kader vun enger reng philosphescher Debatte, virausgesaat d’Quellen gin richtech benotzt… Mee leider gouff den Text net esou geschriwwen…
Domadder ass d’Diskussioun natirlech net oofgeschloss! Ech sin e Mensch deen en Interesse un Diskussiounskultur huet, dofier empfannen ech et als eng Art Intoleranz eng Diskussioun fir zou ze erklären nemmen well Leit anerer Meenung sin…

Genialen Artikel. Den Tenor

Genialen Artikel.
Den Tenor "sech fir aaner Saachen asetzen fir sech net musse mat sech selwer auserneenzesetzen" as symptomatesch fir vill Veganer/terianer di jo och an iwwerproportionell grousser Zuel ennert deenen Loveparade-Techno Psuedohippies ze fannen sin di sëch selwer gaeren als legitim Noofolger vun der 68er Genaratioun verkaafen an amfang naïscht aanescht bedreiwen wi eng Masseflucht viru sech selwer an der Realitéit.

Köstlechen Artikel iwer

Laang genuch hun ech misse

Laang genuch hun ech misse mat engem Vegetarier zesummen liewen. Conclusiounen: Si haalen sëch oft fir eppes Besseres wi di Leit di sech konventionell ernähren, wisou a mat wéi engem Recht? Ech haale mech och net fir besser well ech Fleech iessen. Ech iessen awer léiwer Fleesch wi dat ech mer chemo rapompelen (Vitmainen asw.) fir datt maï Kierper matspillt an da rennen ech awer 3 mol de Mount wéint iergendwellechen selwer induzéierten Problemercher bei de Dokter. De Vrideel vum Vegetarismus oder och Veganismus huet sech mir bis elo nach net erschloss

Quote:Ech hoffen

Quote:
Ech hoffen d'Diskussion as domat elo färdeg!

D'Diskussioun hei ass nie färdeg, léiwen Fränk.

Ech muss soen, dass den alpha guer net sou Onrescht huet. Och wann ech dem Här Mannes seng Kritik um Goebbels gutt fannen, esou geet sain Lieserbréiw dach e bessi um eigentlechen Thema laanscht an verfällt an eng Veganismus-Debatte, déi eigentlech näischt matt der OGM-Debatte ze dinn huet.

Quote:
Also ech kennen zwar eng Réih Veganer an ech hun schon puer Reportagen op der Tele gesin, mee et deet mer Leed: ech hun nach keen bleech an spargelechen Veganer gesin, sorry!

Komesch, ech hun genee déi aner Erfahrung gemeet, déi méi no un dem alpha seng Aussoo eru kennt Wink

Quote:
Rappt Iëch emol am Toun an bleiwt objektiv an haalt op hei eng Hetzried (well daat maacht dir, net den Jeff, heen huet neierens geint den Fleeschiësser un sech geschwaat) ze haalen w.e.g.

Ären Toun, Fränk, ass leider net vill besser.

Quote:
Au sou? Firwaat machen mir et dann net? Firwaat klemmt den verbrauch dann weider? Firwaat ännert DIR neischt un ärem Konsum?

Ech mengen dir kennt hei net wessen, wéivill Fleesch den alpha esst. Domatte kennt dir och net beurdeelen, ob sain Fleesch-Kosum un der Situatioun Schold ass. Veganer hunn de Problem, dass se einfach ze militant sinn. Anstatt eng Reduktioun vum Fleesch-Konsum ze fuerderen, veruerteelen si oft de Fleesch-Konsum insgesamt an erreechen domatter just de Géigendeel, nämlech dass dann keen mei ob se well lauschteren. Dobäi läit de Problem net am Fleesch-Konsum un sech, mä um Volumen vun eisem Fleesch-Konsum.

An JO(!), ech si mer bewosst, dass fir main Steak eng Kou muss geschluecht ginn an NEE(!) ech halen dat net fir moralesch verwerflech. Genee esou wéineg, wéi ech Déierenversich fir verwerflech halen, wann een domatten kann anstänneg Resultater erzielen, fir serieis Krankheeten ze heelen. Et steet Iech fräi och elo mam Fanger ob mech ze weisen an mech unzepöbelen, dat bekräftegt mech héchstens a menger Meenung.

@ alpha: Also alpha (ech

@ alpha:

Also alpha (ech froen mech just firwaat Dir esou feig sidd an en Pseudonym benotzt anplaaz Iech mam Firnumm erkenntlech ze gin, sou wei jidfereen), ech muss soen, dass Dir amfong genau sou handelt, wei daat waat dir dem Jeff firwërft. Ech kënnen den Jeff net an ech sin och keen Veganer (an och keen Vegetarier), mee ech muss him trotzdem all Respekt ausschwätzen fir all dei Aarbecht.

Daat waat dir maacht as feig an lächerlech, fänken mer emol un:

1. Dir schreiwt heen wëll eng Hetzkampagne géint dei béis Déierenkonsumenten starten. Wou der Daiwel steet daat??? Heen huet en Artikel geschriwen fir dem Goebbels z'äntweren an huet keen Verbraucher ugeschriwen. An och an sengem Artikel iwert d'Mellech (deen ech och elo gelies hun) steet nach ausdrücklech dran, dass heen keen verdaiwelt, deen Mellech drénkt oder Kéis ësst. Heen schreiwt am Fong zimlech tolerant vis-à-vis vum Verbraucher, mee Dir maacht hei eng Hetztirade géint heen an all Veganer mat ären zimlech krassen Aussoen an Firwërf dei genau sou aus der Loft gegraff sin wei dir et dem Jeff firwërft. Vun dohir zitt daat och schon immens un ärer Glaawwürdegkeet, well eng objektiv Diskussion as net duerch Gefiller geleet wei dir et hei schreiwt.

2. "Et huet mech net sonderlech iwwerrascht eraus ze fannen dass den Jean Ziegler an Interviews, wou en seet dass d’Welt haut schons labber 12 Milliarden Leit ernährt kriit, de Veganismus niemols erwähnt. Vir den Härr Ziegler sin net di béis Fleeschfriesser di Schellech mee di grouss Multis & co." Alt erem werft dir mat Wierder ronderem (dei béis Fleeschiësser) fir d'Leit ze polariséieren. Schummt Iëch! Am Zitat vum Jeff steet jo och net, dass den Ziegler eppes vum Veganismus sot. An ech mengen, daat as och jidfereem bewosst, well den Ziegler as nawell en bekannten Mann. Et steet héchstwahrscheinlech do fir op dei Problematik opmierksam ze maachen. An deet mer Leed, mee waat sin dann dei grouß Multis fir Firmen? Entweder Fleesch- an Mëllechproduzenten oder Soja- an Getreide-Produzenten dei fir d'Fleesch- an Mëllechproduzenten Fudder maachen!

3. "dass se an d’veganescht Konzept erapassen." Also ech hun net vill verstanen vum Veganismus, mee ech wees awer winstens esou vill, dass ech kann vegan korrekt schreiwen an schwätzen...

4. "et ass eng Beleidechung fir di betraffen Persounen" Alt erem polariséiert dir an versicht eis Fleesch-Iësser Hunneg em den Mond ze schmiëren fir dass mir eis all gudd opreegen iwert d'Veganer an eis bestätegt gesin an eis keng Gedanken brauchen ze maachen.

5. "An dann taucht emmer nees den « Physicians Committee for Responsible Medecine“ op. Dee Numm ass wierklech fancy an klengt wéi wann do di bäschten Dokteren vun der Welt dra setzen. D’Wourecht ass awer dass den PCRM der Veganer-Lobby ugehéiert, an op Déierenversich an der Medezin verzichten well. Waat sollen mer eis dann Aneschteres vun esou engem Veräin erwarden ewéi d’Verdäiwelung vum Fleesch an d’Vergötterung vun de Pflanzen." Daat do as décken Blödsinn! Ech hun daat och nogesicht (jo, lo kukt der) an dir maacht schon erem daat selwecht wei daat waat dir dem Jeff firwërft, nämlech Saachen aus dem Kontext ze rappen! Den PCRM gehéiert NET der veganer Lobby un, mee as en Zesummenschloss vun Dokteren dei versichen no etheschen Richtlinien Medezin ze féieren. Enner anerem (tescht ganz villen aneren Punkten) roden se den Leit vegan ze liëwen, mee daat heescht nach laang net dass se dann deser Loby ugehéieren. Mat där Ausso kann een all Dokter an all Organisation, dei eppes pro vegan seet, esou aklasséieren, an all Dokter an all Organisation dei eppes pro Fleesch seet, als zu der Fleesch-Lobby gehéierent bezeechnen! An den PCRM sin net dei eenzeg dei op Déierenversich verzichten wëllen: "Ärzte gegen Tierversuche" as eng nach vill mei grouss Organisation, dei iwerhaapt neischt mat Veganismus ze din huet an si trieden nach vill mei geint Déierenversich an (menges Wëssens no gin et souwisou besser Methoden). Mee alleng aus dem Fakt ze schléißen, wann een géint Déierenversich as, as een och géint Fleesch as Quatsch, wei "Ärzte gegen Tierversuche" beweist! An dann wir souwisou den gréißten Deel vun den Leit an der Gesellschaft Vegetarier.

6. "Aus all Satz gin di falsch Schlëss gezunn. D’ADA seet wierklech dass eng „well-planned“ vegan/vegetaresch Ernährung gudd ka sin mee néierens steet dass een dowéinst d’Fleesch iessen sollt opgin." Ech fannen och néierens dass den Jeff daat der ADA an den Mond geluecht huet, heen huet daat mengem Verständnis no drangeschriwen "iert Dir [Goebbels] elo irrtümlecherweis denkt, dass eng vegan Ernährung net gesond wir". Schon erem schreiwt dir einfach nemmen vun Gefiller geleetenen Blödsinn.

7. "nach hätten mer bleech a spargelech Veganer, déi Cobalamin huelen mussen fir hier Defiziter aus ze gläichen." Also ech kennen zwar eng Réih Veganer an ech hun schon puer Reportagen op der Tele gesin, mee et deet mer Leed: ech hun nach keen bleech an spargelechen Veganer gesin, sorry! Di waren meeschtens gudd geniërt, mee net deck! Si hun menger Vu no immens gesond ausgesin an haaten eng schéin Haut an waren definitiv net bleech! Ech froen mech geschwënn op dir iwerhaapt wësst waat dir schreiwt oder ob dir Iëch eischter vun Stereotypen leeden loosst an Diskriminéierung verbreeden wëllt... An zum Cobalamin: Giffen mir haut net eist Geméis an eis Uebst mat Pestiziden behandelen an iwerdriwen wäschen an hätten mir net all eist Drénkwaasser esou verschmotzt dass een et net mei kann drénken ouni Behandelung firdrun, bréischten veganer daat net ze man. An außerdem kennt Colabamin-Mangel (seltsamerweis) prozentual gesin vill vill mei oft bei Omnivoren fir, wei bei Veganer. Ech hun en Kolleg, deen baal nëmmen Fleesch ësst, deen muss ënnert anerem B12 zou sech huelen fir keen Mangel ze kréien. Schéin dass dir sou Saachen och verheemlecht, waat dir dem Här Mannes jo emmer erem firwërft.

8. "dass d’ADA selwer zum Konsum vun Mellechprodukter réit" Waat beweist daat dann elo? Dass den Jeff wollt irrtümlech beweisen, dass d'ADA eng vegan Gesellschaft as? Ech gleewen kaum! D'ADA schreiwt jo just, dass eng vegan Ernärhung gesond as, si schreiwt jo net, dass alles anescht doweinst direkt mega mega ongesond as, an daat huet den Jeff der ADA och néierens ënnerstallt! Sorry, mee dir schreiwt wierklech nëmmen Saachen dei net stëmmen!

9. "D’Welt als Veganer muss eng wierklech einfach sin : Honger op der Welt ? No more meat, no more problem !" Schon rem eng absolut hirnrësseg Ënnerstellung! Natierlech verschwënnt den Honger net vun haut op muer wann lo jidfereen vegan gëtt an daat as deenen Veganer dei ech kennen och bewosst! Mee et as awer wichteg ze gesin, dass eng weit verbreeten iwerwiegend vegetaresch oder vegan Ernährung eng Firaussetzung as, dass deen Probleem iwerhaapt kann geléist gin! Natierlech muss een dann nach vill aner Schrëtt ënnerhuelen, mee ouni Vegetarismus/Veganismus oder op mannst en Schratt dohin, wiert iwerhaapt keng Chance bestoen, also souvill hun ech awer och schon verstanen! Ech well just dorun erenneren, waat puer Genies duerch d'Weltgeschicht soten:
Einstein: "Nichts wird das Überleben auf der Erde so steigern wie der Schritt zu vegetarischen Ernährung." (En plus: «Rein durch ihre physische Wirkung auf das menschliche Temperament würde die vegetarische Lebensweise das Schicksal der Menschheit äußerst positiv beeinflussen können.»)
Sokrates & Platon: ""Und das Land, das ursprünglich groß genug war, um all seine Bewohner zu ernähren, wird auf einmal zu klein sein. Also werden wir von den Nachbarn Land abschneiden müssen, wenn wir genug haben wollen zur Viehweide und zum Ackerbau, und sie auch wiederum von unserem, wenn sie sich ebenfalls gehen lassen und - die Grenzen des Notwendigen überschreitend - nach unangemessenem Besitz streben. Und so werden wir von dann an Kriege führen müssen."
An wann mer grad bei Zitater vun berühmten Leit sin:
Leonardo da Vinci: «Ich habe schon in jüngsten Jahren dem Essen von Fleisch abgeschworen, und die Zeit wird kommen, da die Menschen, wie ich, die Tiermörder mit gleichen Augen betrachten werden wie jetzt die Menschenmörder.»
Immanuel Kant:"Die Grausamkeit gegen die Tiere ist der Pflicht des Menschen gegen sich selbst entgegengesetzt."
Mahatma Gandhi: «Ich glaube, daß geistiger Fortschritt an einem gewissen Punkt von uns verlangt, daß wir aufhören, unsere Mitlebewesen zur Befriedigung unserer körperlichen Verlangen zu töten. Die Größe und den moralischen Fortschritt einer Nation kann man daran messen, wie sie die Tiere behandelt.»

10. "Eis amerikanesch Kolleeschen, nemmen die amerikanesch wuel verstanen, missten hieren Fleeschkonsum em 10% ( !) senken, dann hätten mer theoretesch genuch Kären gespuert fir dass keen méi un Honger stierwen misst." Dir sot et: THEORETESCH! Well dann giff et secherlech nach emmer net duergoen, well dann giffen mir nach emmer zevill vun hinnen ofzéien! An sugeuer wann daat net wir, giffen dei leit nach emmer um Rand vun der Existenz liëwen während mir weiderhin an Saus und Braus feieren. Also wir PRAKTESCH weit mei wei nemmen 10% neideg!

11. "mee ech kann soen dass et en absolut ze bewerkstellechen Effort wär." Au sou? Firwaat machen mir et dann net? Firwaat klemmt den verbrauch dann weider? Firwaat ännert DIR neischt un ärem Konsum?

12. "Den eenzechen Grond deen mär afällt wisou Mr &Mrs Vegan noom Veganismus jäitzen ass di pervers an onnatirlech Visioun vun enger déiereprodukt-fräier Welt, soss näischt." Also daat do as wirklech absolut beleidegend! Waat huet veganismus mat Perversitéit ze din????? Waat huet daat mat Onnatierlechkeet ze din wann een well no engem Prinzip liewen wou sou mann wei meiglech Menschen an Déieren mussen drënner leiden an sou vill wei meiglech Natur einfach Natur bleiwen kann? Ech sin emmer mei iwerzeegt, dass Dir en Riesen-Haass op veganer hudd an daat hei eraus loosst! Rappt Iëch emol am Toun an bleiwt objektiv an haalt op hei eng Hetzried (well daat maacht dir, net den Jeff, heen huet neierens geint den Fleeschiësser un sech geschwaat) ze haalen w.e.g.

Sou, an op den Rescht well ech elo guer net mei agoen well ech mengen no deem leschten Zitat vun iech, huet daat bei iech iwerhaapt keen Wert! Dir sidd, sou wei ech et gesin, einfach nemmen radikal geint all Form vun Net-Fleeschiësser, schürt Haass geint dei Leit, polariséiert an notzt den Leit hir Leiwt zum Fleesch an hir natierlech Roserei geint all Mensch deen net dei Leiwt deelt aus fir geint Veganer opzehetzen, ma dann kennt dir direkt eng Hexenverbrennung starten! Wei gesot, ech sin selwer Fleesch-Iëßer, mee ech hun awer genuch Verstand, Toleranz an Openheet fir mir dei aner Seit ouni Haass an Roserei an Verbruetheet unzehéieren! Dir sidd genau daat waat dir dem Jeff versicht firzewerfen! Zimlech traureg! En plus hun ech elo souwisou keng Zeit mei, waat een wuel dorunner mierkt, dass meng Rechtschreiwung mëttlerweil muss drënner leiden... Sorry dofir! Ech hoffen d'Diskussion as domat elo färdeg!

MBG

Fränk

Alpha rules! Wéini gët den

Alpha rules!
Wéini gët den Här Mannes et endlech op?