Vier Bundesländer wollen Zahlungen an Kirchen verringern
Verfasst von Manuel am 27. Juli 2010 - 11:35.
Vor den im Juni beschlossenen Sparplänen der Bundesregierung war kaum jemandem bekannt, dass jenseits der Kirchensteuer Milliardenbeträge aus der Staatskasse in die Taschen der staatlich privilegierten Religionsgemeinschaften fließen. Unter anderem bezahlen die Bundesländer fast 500 Millionen für Gehälter und Pensionen von Kardinälen, Bischöfen, Pfarrern, Küstern und anderen Kirchenangestellten.
Artikel lesen
(Quelle: heise)




Mat deenen "offiziellen"
Mat deenen "offiziellen" muss ee skeptesch sinn; di aaner sinn Peanuts. Di offiziell Sketen ginn nämlech vun enger gewësser Politik charméiert an tatkräfteg ënnerstëtzt a kréinen sou de Schäin, wéi wann se harmlos a nëtzlech wieren.
Deen harmlose Sproch, deen s du aaneren an de Mond lees: "Wenns der Sache dient dürfen wir auch lügen", ass deenen offiziellen mol ni duer gaangen. Déi gi skrupelloos iwwert Läichen, wann e si arrangéiert.
D'Zeuge Jehovas hu keng Recherche iwwert d'Blutttransfusiounen gemaach. Déi halen sech just un d'Bibel!
"Wenns der Sache dient" an
"Wenns der Sache dient"
an d welt ass awer eng scheif ...
Schéin datt ech der konnt e
Schéin datt ech der konnt e Gefaale maachen.
Trotzdem bleiw léiwer skeptesch bei allem wats du do lies. Fir ze recherchéiren datt an der d'Kiirch nach nie Braver woren, dofir bräuch ee kéng Sekten-Homepages.
Du lies jo och just net de Wachturm fir dech iwer Bluttransfusiounen z'informéiren.
Ee vun hire Spëtzeleit huet iwregens éng Kéier dëst gesot: "Wenns der Sache dient dürfen wir auch lügen" (Quell: H.W. Jungen, Dier Prophetin und ihr Management).
Schéiss net sou séier,
Schéiss net sou séier, Guest!,
soss bleiwt der näischt méi fir spéider!
E Portier kann duerchaus engem Unisprof weisen, wéi een korrekt Feier läscht.
Di Donneeën, déi eng Sekt nosicht a publizéiert, mussen guer net falsch sinn, well et eng Sekt ass oder als solch, vu weem och ëmmer, definéiert gëtt!
Hei geet et ëm Fakten, an net ëm Intentiounen, mat deenen di Fakten publik gemaach ginn. An di Fakten sinn dach, wann's de éierlech bass, méi wéi erdréckend.
Merci trotzallem fir deng "Félicitatioun", Guest, déi kritt een hei um Forum selten.
Félicitatioun,
Félicitatioun, Diamant.
Deng Quell gehéiert zum Donstkrees vun énger Plem-Plem-Sekt, der et em villes, awer NET em reell Reliouns- oder Kirchekritik geht. Di Leit betruechten d'Kirch just als Konkurrenz a versiche scho säit Joeren am Internet naiv Paafefresser mat grellen Sex&Crime-Stories unzelackelen fir datt déi hir Links souguer op laizistesch Siten wéi desem weider recommandéiren.
Klappt jo, wéi ee gesäit.
Hirt Ziel ass awer kéng fräi a laizistesch Gesellschaft oder och nëmmen e "bessert" Chrëschtentum, mee en totalitären "urchristliche" Gottesstaat mat Gehirwäsch, Stacheldrot an eegenem Geheimdingscht.
Lies emol Berichter vu Leit, di bei der Sekt ugedréckt sin. Do misst der den Ekel op d'mannst genee sou erop stoussen wi iwer d'Paafen an du léiers villäicht, datt nach laang nët alles wat sou jäitzerech ënner dem Label vun der Kirchekritik ugebuede gët och op Vernonft a Ratio berout.
Links:
http://www.bbs-wertheim.de/aussteig.htm
http://sekten-sachsen.de/kurzbeschreibung-christlich.htm#ul
http://de.wikipedia.org/wiki/Universelles_Leben
Den Eekel, wat soss stéisst
Den Eekel, wat soss stéisst erop, wann een hei weider liest: http://www.freie-christen.com/reichtum_der_kirche_ist_blutgeld.html
Déi schwammen am Frick an hunn de Culot, di kleng Leit ëmmer rëm opzeruffen, Suen ze spenden. An de Vatikan - iwwert seng Vasallen - säckelt se dann an. Dat nennen se aktiv Nächstenléift! Hir eege Leit ginn déck bezuelt; wunnen fir näischt, sëtze waarm an hunn all Dag genug z'iessen. D'Cheffen sëtzen an engem Palais mat Bedienung, loossen sech Exzellenzen resp. Eminenzen an Monsignore nennen a ginn mat Chauffeur duerch d'Landschaft kutschéiert. Dat sinn dann déi, déi all deenen aaneren de moralesche Fanger weisen! Déi hu mer gären.
Bedrunn hunn se, vertuscht, gefälscht, gelunn an se hunn ëmbréngen gelooss, ween net gepasst huet. All dat am groussen Stil.
Ween zu deenen hält, kann dach an sengem Innersten kee Schwanz besser sinn oder huet soss Probleemer. Wann net, da profitéiert en dervun. Missten déi, déi fir d'Kierch an hir Betriber schaffen, sech net bis an de Buedem schummen, deenen eng Hand unzepaken, an sou - am wäitesten Sënn - Kompliz vum Systeem sinn?
Dee Veräin därf dach net méi mat ëffentleche Finanz-Mëttelen ënnerstëtzt a gefördert ginn. Ween besicht nach deenen hir Veranstaltungen? Aal Jofferen, aal Hären déi net sou richteg matkréien, mat weem se et ze dinn hunn?
Fir dem Poopst seng "Visite" am September an England ze finanzéieren, gëtt geschwat, dat ee misst den Entrée bezuelen, fir bei senge Massen, déi e liest, derbäi kënnen ze sinn. Déi schummen sech fir näischt an wëllen sou den Androck vermëttelen, d'Englänner wëllten säin Déplacement net bezuelen - wéi di aaner Länner dat ëmmer hu misse maachen. Mir och! Mä, déi woren jo och all "kathoulesch", um Pobeier! An engëms beweisen se domat och nach, si wieren dee réimesche Veräin mat deenen aarmsten Jonggesellen vun der Welt. Obschons ee jo allgemeng eng Touristenattraktioun muss bezuelen, fir se ze besichtegen, sou dégradéieren se selwer domat awer hiren héchsten Chef.
Firwat och net, wann d'Geld engem dat Wichtest ass?