Luxemburg

Was Luxemburg bewegt oder bewegen sollte

Unter dieser Rubrik wird veröffentlicht, was inhaltlich unter keine andere Rubrik passt, und Luxemburg betreffend dennoch von gesellschaftlicher Bedeutung ist.

Die Genetik des Lobbyismus

Den LSAP Europadeputéierten Robert Goebbels huet ënnert dem frechen Titel "die Genetik der Dummheit" eng Lanze fir Genetesch Modifizéiert Organismen (GMO’s) gebrach an déi lëtzebuergesch Politik fir hier zeréckhalend Haltung kritiséiert. Den ganzen Artikel liest sech eher ewéi den Text vun engem gutt gefidderten Lobby-Politiker, ewéi enger eescht gemengter Kritik. Esou scheit den Här Goebbels, deen déi kritesch Haltung vun Europa vis-à-Vis vun GMO's als "Europäische Schmierenkomödie" bezeechent, sech net géint seng eegen Stréimännecher ze argumentéieren. Wat nämlech déi wierklech Risiken vun Genfood, Monsanto an Co. sinn, kann een zum Beispill ganz gutt an dëser Dokumentatioun vun ARTE nokucken, déi och virun enger Zäitchen ob RTL an lëtzebuergescher Fassung ze gesinn war.

Avortement: Koalitiounspartner musse lo kucken, sou Biltgen

No Bedenke vum Staatsrot um Avortements-Gesetz: De Justizminister seet, datt den Text dat erëm gëtt, wat CSV an LSAP ofgemaach hunn. Lo muss geschwat ginn.

„Kultur ist kein Ressort für eine konservative Partei“

Guy Rewenig ist wütend. Und Wut ist sein perfekter Motor für Kreativität. Der „Prix Servais“ für den Roman „Sibiresch Eisebunn“, der am Montag im CNL verliehen wird, oder der offene Brief an Octavie Modert (letzten Freitag im „Land“) zeigen es. Er liebt die Literatur und hasst Ignoranten in Führungspositionen, er kämpft für die Sprache und gegen Floskeln. Ein Gespräch mit einem Querulanten.

projet de loi 6148

Den neien Studentenprêt soll nach dësen Dënschden als projet de loi 6148 gestemmt ginn, dobäi leien nach vill Detailer am Onkloeren. Wat fir den eenzelnen Student konkret beim neien Prêt erauskennt, haten mir jo schon virun enger Zäit ausgerechent. Mir waren dobäi zum Schluss komm, dass ënnert dem neien System déi meescht Studenten besser ewech géifen kommen, sozial staark benodeelegt Studenten awer verléieren géifen. Dat ass och eng Kritik, déi vun der DP an deenen gréngen um neien Studentenprêt gemeet gëtt. Elo huet sech och op Facebook eng Initiativ gegrënnt, déi eng Verbesserung vum neien System fuerdert: Stoppt dem Här Biltgen seng Reform!

Regierungsrot beschléisst Krisepaak an Homoehe

Dësen Freideg goufen am Regierungsrot zwee Saachen beschloss: éischtens d'Legaliséierung vum homosexuellen Bestietnis (enfin!) an zweetens d'Moossnamen, déi eis sollen aus der Krise féieren. Detailer sinn am verlinkten PDF-Dokument ze fannen, oder och ob RTL.lu. Béid sinn keng grouss Iwwerraschungen, gouf dach schonn am Virfeld laang a breet doriwwer diskutéiert. Wat elo nach fehlt, wier en anstännegt Adoptiounsrecht.

Keng Äntwert ass och eng Äntwert

Wann een keng Äntwert well ginn, een dozou awer verpflicht ass, dann gett een eben eng Äntwert, déi keng Äntwert ass. Esou zumindest kinnt een dem Inneminister Jean-Marie Halsdorf seng Äntwert op d'Question Parlementaire vum Camille Gira an Jean Huss interpretéieren. Mir haten jo am Mee schon vun dëser Question Parlemntaire bericht, wou d'Fro gestallt gëtt wéi vill Ennerhaltskäschten an Logement de Lëtzebuerger Stat fir eis Kierchevertrieder bezilt. Am Gesetz vun 1809 ass nämlech virgesinn, dass Gemengen hiren Paschtéier eng Wunneng, respektiv Wunngeld mussen bezuelen. Normalerweis hätt d'Äntwert missten den 7. Juni kommen, se ass awer elo réischt komm. Vill gëtt een allerdéngs net gewuer.

Perpropera, Magister!

faust.jpg

Wien nach am alen Magister- oder Diplom-Studiengang hänkt an wëlles huet den Concours ze maachen, deen sollt sech tommelen. Wéi nämlech um Site vum ministère d'éducation ze liesen ass, ginn déi al Studiengäng just nach bis den 6. Juni 2013 unerkannt. Ab dann ginn nëmmen nach méi Bachelor/Master fir den Enseignement post-primaire zougelooss.

Esou steet et hei ze liesen:

Quote:
Des dispositions transitoires stipulent cependant que les candidats ayant acquis les diplômes, grades et certificats visés par l’ancien article 4 de la loi du 29 juin 2005 continuent à être admissibles aux examens-concours de recrutement pendant une période de trois années à partir de l’entrée en vigueur des modifications en date du 06 juin 2010.

D'Jugendparlament um 100,7

Den Sammy Wagner, Präsident vum Jugendparlament an d'Viktoria Szombathy vun der CGJL waren dës Woch beim 100,7 op Besuch an hunn iwwert hier Aarbecht am Jugendparlament geschwat. Den Interview kann een hei lauschteren:








Pharma-Industrie verdiente Milliarden

„Déi Gréng“ werfen Weltgesundheitsorganisation Mangel an Transparenz vor – Kritik an Einflussnahme von Pharma-Lobby

(mk) - Ein Jahr ist es her, dass das Virus A(H1N1) - im Volksmund Schweinegrippe genannt - die Welt in Atem hielt. Weltweit wurde am 11. Juni 2009 Pandemiealarm ausgelöst, gefolgt von einer beispiellosen Impfkampagne. Doch recht schnell erwies sich die Krankheit als relativ harmlos und die Regierungen blieben auf Bergen von Impfdosen sitzen, die nicht nur Millionen kosteten, sondern wegen möglicher Nebenwirkungen auch stark kritisiert wurden.

Inhalt abgleichen